Search

You may also like

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER
Neiegkeeten

E Norovirus an den Austere vun der Mark MYTILIMER

D‘Autoritéite vun der Liewensmëttelsécherheet si vum Grupp Auchan informéiert ginn,

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman
Neiegkeeten

Happy Together – Een Hommage un d’Hôpitaux Robert Schuman

Och Sultry, eng modern A-Capella-Grupp aus Lëtzebuerg, huet decidéiert mam

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

Procureur uerdert offiziell Ermëttlungen un

Nom Feier zu Dikrech erhäert sech se de Verdacht op eng kriminell Dot

Procureur uerdert offiziell Ermëttlungen un

An der Nuecht vum 17. op den 18. Abrëll ass déi al Brauerei zu Dikrech de Flamen zum Affer gefall. Ronn honnert Mann waren am Asaz, konnten awer nëmmen nach de Schued vun nogeleeëne Gebaier an ëffentlechen Infrastrukturen ofwennen. Iwwert eng Woch laang hunn d‘Pompjeeë missen eng Brandwaach ariichten. Et stoung och fréi d‘Fro am Raum, wéi dat konnt geschéien.

Laut dem Justizministère huet elo de Parquet vun Dikrech Ermëttlungen ugeuerdent. Dat well elo feststoe soll, datt d‘Feier net duerch en techneschen Defekt kann ausgeléist gi sinn. Dogéint hätt et Spuren, déi Hiweiser op eng méiglech Strofdot ginn. Fir dësen elo de Grond ze goen ass een op Bränn spezialiséierten Expert mat der Enquête beoptraagt ginn. Dee soll sech elo emol ëmkucken.

Foto: © CGDIS

Related topics al Brauerei, Brandursaach, CGDIS, Dikrech, Feier, Procureur
Next post Previous post