Search

You may also like

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen
Business Money Neiegkeeten

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen

Op Vältesdag war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, a Begleedung vun

Am Hierscht 2022 gëtt et déi 16. Oplag
Business Money Neiegkeeten

Am Hierscht 2022 gëtt et déi 16. Oplag

Déi „Journées Portes Ouvertes luxembourgeoises“ konnten ulässlech der dësjäreger 15.

Séinoutrettung: Alt nees nëmmen eng Noutléisung…
Business Money Neiegkeeten

Séinoutrettung: Alt nees nëmmen eng Noutléisung…

Op en neits ass e Rettungsschëff deeglaang um Mier festgehale

money

Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun

Nom Maskendeal elo dann d‘Perquisitioun

Déi Lëtzebuerger Entreprise Avrox SA huet mat der Hierstellung an der Distributioun vu Masken, a medezineschem Material generell eigentlech näischt um Hutt. Dat huet dës Lëtzebuerger Entreprise awer net dru gehënnert, sech als Intermediaire/Tëschenhändler vun engem asiatesche Fournisseur un enger Ausschreiwung vum belsche Staat ze bedeelegen.

Elo war d‘Offer vun dëser Lëtzebuerger Entreprise wuel iwwerzeegend, firwat de belsche Staat du 15 Milliounen dëser Maske bestallt huet. Nodeems dës da bis geliwwert waren, koum et zu éischte Reklamatiounen. Richteg ass allerdéngs och, datt scho virun der Attributioun vum Marché, „aner“ Fournisseuren zolidd Radau geschloen haten. Mee den Deal war juristesch net méi opzehalen.

Dës Masken, esou d‘Fuerderung, sollte reutilisabel sinn an ouni gréisser Bedenke mat gewäsch kënne ginn. Do war de éischte Problem: wéi d‘Maske geliwwert goufen, hat en Hiersteller am Begleetziedel vun de Masken drop higewisen, datt dës bei 30°C kënne gewäsch ginn, gefuerdert sinn eigentlech mindestens 60°C. Déi 60°C wieren awer kee Problem esou d‘Ausso vun Avrox SA.

Enn Februar gouf et dunn de vertrauleche Rapport vum belschen Institut fir ëffentlech Gesondheet (Sciensano). Aus dësem goung ervir, datt an de Masken Nanopartikel (Nanosëlwer/Titandioxid) enthale sinn, déi gesondheetsschiedlech kéinte sinn. Wann elo Nanosëlwer als antibakteriell kann erkläert ginn, esou ass dat beim Titandioxid net de Fall. Béides géif awer d‘Otemweeër ugräifen.

Gréisser Auswierkungen

An dësem Dossier huet elo EuroJust, déi europäesch Agence fir juristesch Zesummenaarbecht, d‘Ermëttlungen iwwerholl. D‘Agence war vun der Bréisseler Staatsanwaltschaft zesumme mam Service zur Bekämpfung vun der Korruptioun (OCRC), zur Iwwernam vun der Enquête animéiert ginn. EuroJust hat doropshin déi Lëtzebuerger Justiz gebueden d‘Büroe vun Avrox SA ze besichen.

Motivéiert gouf d‘Demande vun der Perquisitioun duerch d‘Erkenntnis, datt et bei der Vergab vun dëser Soumissioun eppes Onstëmmegkeeten huet. Et sti Virwërf am Raum, an deene vu Bedruch a Geldwäsch, jo esouguer vun Dokumentefälschung, rieds geet. Déi Lëtzebuerger Justizinstanze kënnen aktuell zum Dossier Avrox keng Aussoe maachen a verweisen op déi lafend Ermëttlungen.

De Wirtschaftsministère weist all Demande betreffend Avrox zréck an am Mëttelstandsministère ass ee wuel frou, datt et de Belsch hire Problem ass. Et ass awer dovunner auszegoen, datt d‘Autoritéite vu béide Länner ee besseren Informatiounsaustausch ënnerhalen, wéi dat tëscht de staatlechen a kommunalen Instanzen zu Lëtzebuerg an den nationale Medien de Fall ass. Affäre à suivre…

mat indymedia/bru/lgg

Illustratioun: Eng Mask an eng Mask kënnen a Krisenzäite ganz ënnerschiddlech puer Schong sinn, woubäi keen Acteur schlecht Absichten huet. Et geet just ëm de maximale Profit, a souwisou war jo gesot ginn, datt Masken näischt daachen… © Ibrahim Boran

Related topics Avrox SA, Bedruch, EuroJust, Geldwäsch, OCRC, Perquisitioun
Next post Previous post