Search

You may also like

Chile: Mir si solidaresch!
International Neiegkeeten

Chile: Mir si solidaresch!

Een Opstand am Chile ass bis dato den Héichpunkt vun

Neijoerschmessage aus der Chamber: Houfreg op d’Demokratie an d’Disziplin
International Neiegkeeten

Neijoerschmessage aus der Chamber: Houfreg op d’Demokratie an d’Disziplin

Mat engem Schreiwes zu Neijoerschdag hunn de President an de

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen
International Neiegkeeten

De Govsat-1 gëtt als Investitioun gefeiert – mee kéint och de bluddegen Asaz vun Drone mat sech bréngen

Den Owend tëscht 10 an 11 soll et sou wäit

Kenosha: Nom Trump de Biden

USA, d‘Land an deem den institutionaliséierte Rassismus d‘Wahlkampfstrategien nei reegelt

Kenosha: Nom Trump de Biden

Nodeems den US-President Donald Trump en Dënschdeg zu Kenosha (WI)) virun allem duerch säi Matgefill fir déi vill Geschäftsleit, déi duerch d‘Protester alles verluer hunn, opgefall ass an och der Police ee grousse Merci fir déi gutt Aarbecht zougestanen huet, war et gëschter um Joe Biden, den demokrateschen Opponente vum Milliardär, d‘Stad ze besichen. Hien hat eng enger Strategie…

Schonn um Fluchhafen ass de Joe Biden, dee vu villen als den Nofolger vum Donald Trump gesi gëtt, vun der Famill vum 29 järegen Afroamerikaner Jacob Blake empfaange ginn. Op der Plaz: de Papp vum Affer a seng dräi Gesëschter. En Treffen datt ënnert Ausschloss vun der Ëffentlechkeet datt fonnt huet. De Kandidat huet betount, datt hien de Wisconsin an d‘USA nees gesonde wëll.

Den demokratesche Presidentschaftskandidat war mat senger Fra Jill komm, fir der Famill Trouscht ze spenden. De Jacob Blake war virun den Ae vu senge Kanner, ganzer siwe mol aus kuerzer Distanz an de Réck geschoss ginn. Laut senger Famill, sollt hie seng Blessuren iwwerliewen, géif de jonke Familljepapp querschnittsgeläämt bleiwen. Dëse Virfall hat nei Gewalt mat sech bruecht.

Bei den uschléissenden Ausschreidungen huet dunn ee 17 järege Fan vum Donald Trump (et gëllt als erwisen, datt hien ëfters op Evenementer vu sengem politeschen Idol war) deen extra ugereest war, fir déi amerikanesch Fräiheet ze verdeedegen, zwee Mënschen erschoss. De Kyle Rittenhouse riskéiert wéinst dem Dout vum Anthony Huber (26) aJoseph Rosenbaum (36) elo Liewenslänglech.

De Joe Biden wëll am Géigesaz zum US-President d‘Leit nees vereenen. Aus dësem Grond huet hie sech no der Entrevue mat der Famill, och mat de Polizisten, Geschäftsleit a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft getraff. De Justizminister vum Bundesstaat Wisconsin, Josh Kaul, huet dem Joe Biden säin Optrëtt begréisst, well dësen d‘Leit nees wéilt zesummebréngen, net wéi deen „aneren“.

mat indymedia/mad

Foto: Och de Joe Biden huet säin Optrëtt zu Kenosha ganz gutt orchestréiert. Op hien elo wierklech dee President ka ginn, deen et besser mécht? Eigentlech bréicht et ee gesellschaftleche Wandel, och politesch. © Team Joe Biden

Related topics Donald Trump, Joe Biden, Kenosha, Los Angeles, US-Wahlkampf 2020, USA, Wisconsin
Next post Previous post