Search

You may also like

All d‘selwecht – All anescht
International Neiegkeeten

All d‘selwecht – All anescht

D’Ministesch Taina Bofferding huet deelgeholl. Bei Workshoppen a Schoulklassen huet

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn
International Neiegkeeten

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn

Geréit d‘Demokratie am Oste vun Däitschland a Schiflag? Dank der

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
International Neiegkeeten

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock

Vizepresident Mike Pence warnt d‘Europäesch Unioun viru Geschäfter mam Iran

Bei Noost-Konferenz zu Warschau maachen d‘Amerikaner Drock

Bei der, ënnert der Leedung vun den USA, organiséierter Noost-Konferenz zu Warschau, huet d‘Nuklearofkommes mam Iran am Mëttelpunkt gestanen. Den US-Vizepresident huet den Europäer däitlech ze verstoe ginn, datt si sech gefällegst och aus dem Accord zeréckzezéien hätten, an hire Projet INSTEX nach emol „iwwerdenke“ sollten.

Als wat d‘USA hir europäesch Alliéiert betruechten ass net genee gewosst, als Partner jiddefalls schéngen se net a Fro ze kommen. Hei ass „Befeelsempfänger“ sécherlech déi besser Bezeechnung an net anescht ass dem Mike Pence seng „Fuerderung“ ze verstoen. Den Donald Trump – deen e frëndschaftlech Verhältnis zu Saudiarabien, den Äerzfeind vum Iran, fleegt – hat héchstperséinlech de Vertrag a Stécker gerappt, an domatter d‘Kredibilitéit vun der US-Aussepolitik a Fro gestallt.

Fir d‘EU ass dës Entscheedung e Feeler, an net méi spéit wéi déi vergaange Woch, haten sech déi 28 eestëmmeg zum Nuklearofkommes mam Iran bekannt. Europa wier sech an dëser Fro eens, och wann deen een oder aneren duerchaus bereet ass, den Drock op Teheran „héich“ ze halen. Mam Accord, deen dem Iran och zu wirtschaftlechem Wuesstem sollt verhëllefen, wollt ee Fridden hunn.

Dat Zil ass bis ewell net erreecht ginn, a mat den US-Sanktiounen, schéngt et wéineg Aussiichten ze ginn, dat sech dorunner eppes ännert. D‘Europäer si beméit den Dialog an d‘Efforte mat Teheran Handel ze bedreiwen, oprecht ze erhalen. Dem Entgéint de Mike Pence, datt den Iranesche Regime, déi gréisste Gefor fir d‘Regioun ass. Eng gewoten Ausso ugesiichts dem Biergerkrich am Jemen.

Eng „eesäiteg“ Konferenz

Wann d‘Amerikaner fir d‘Europäer eng Noost-Konferenz zu Warschau organiséieren, da setze wuel wéineg arabesch Länner um Dësch, mee Israel dierf do net feelen. Dat mécht Sënn, ëmmerhin si d‘Israelien den Amerikaner – nach viru Saudiarabien – hiren treisten Alliéierten, wann et drëms geet déi iranesch Regierung ze diskreditéieren. Gutt, als demokratesch kann e si och net bestätegen…

Mee déi vun den Amerikaner a Polen organiséiert Konferenz, ass net méi an net manner, wéi eng anti-Iran Campagne. Dat hu glécklecherweis och eng Rei EU-Länner als solches erkannt, firwat net alleguerten d‘Ausseminister dem Mike Pence d‘Éier erwisen hunn. Op dëse „Message“ vun den Trump-Beroder richteg gedeit gëtt, dierf ee bezweiwelen, kee wëll den Donald Trump enttäuschen.

Beim Owesiessen, vun dëser op zwee Deeg ausgeluechte Konferenz, hu sech d‘Amerikaner an d‘Polen net vum zentralen Thema distanzéiert. Den israelesche Regierungschef ass wéi gewinnt rhetoresch mat aller Häert géint d‘Ajatollahe virgaangen. Eng kleng Iwwerraschung gouf et, wéi de Benjamin Netanyahu Allusioune gemaach huet, sech mat Saudiarabien verbridderen ze wëllen.

Wien am Glashaus sëtzt…

Dat ass interessant. Datt Israel zesumme mat Saudiarabien géint déi iranesch „Bedreeung“ wëlle virgoen, soll eis hei als dat Selbstverständlechst vun der Welt verkaf ginn. Saudiarabien hält vum Existenzrecht vum Staat Israel esouvill, wéi den Donald Trump vum Maduro als President vum Venezuela. Datt si sech matenaner verdroe sollen, kéint awer eng Unuerdnung vu Washington sinn.

Diplomatesch leeft dat esou: op der Noost-Konferenz huet den US-Ausseminister Mike Pompeo dem Benjamin „Bibi“ Netanyahu de Réck gestäipt, an drun erënnert, datt dem gréissten an beschte President aller Zäiten, Donald Trump säi sënnlechste Wonsch ass, Natiounen op eng nei Aart a Weis zesummenzeféieren. Et misst een endlech déi all Problemer léisen, a méi no unenaner réckelen.

Et geet also ëm de Fridden. E Fridden allerdéngs dee no engem streng amerikanesche Muster muss entstoen, an folgerichteg net iwwert de Wee vu Verhandlungen erreecht ka ginn. De Mike Pompeo dozou: „Ouni mat alle Mëttele géint den Iran virzegoen, kann et weder Fridden nach Stabilitéit am noen Oste ginn“. Dat si hei Sunnitten a Schiite géintenaner opbrénge schéngt hinnen net bewosst.

…kann de Stee matten an d‘Gladder kréien

Richteg ass awer och, an do kënnt keng Freed op, datt den Iran Israel als Natioun net unerkennt, den Holocaust verleegent, an och soss net wierklech als Beispill fir d‘Demokratie kann ugefouert ginn. Dat gëllt awer eigentlech fir all déi Länner an der ugeschwate Regioun, deenen d‘Amerikaner gäre wéilten d‘Avantage vun enger westlecher Konsumgesellschaft opzwéngen.

An da sinn do och nach d‘Palestinenser, déi vun den USA net nëmme virgefouert goufen, mee mat der Unerkennung vu Jerusalem als Haaptstad vun Israel, Washington net méi iwwert de Wee trauen. Si hunn zum Boykott opgeruff an de palestinenseschen Ausseminister Riad Malki sot: „Mir gesinn d‘Konferenz als Komplott géint déi palestinensesch Interessen“. Verkéiert ass de Gedanken net…

Ëmmerhin huet sech den Donald Trump mat senger Aussepolitik esou opgestallt, datt d‘Besatzung vu Palestina duerch Israel, als „normal“ a „berechtegt“ ze betruechten ass. Firwat soss, géifen sech d‘USA esou vehement dofir asetzen, Palestina d‘Recht op Selbstbestëmmung ze verweigeren? Mam Donald Trump ass jiddefalls eng Zweestaateléisung ausgeschloss.

mat indymedia/tlv/Qusean Grynszpan

Foto: © xinhua/Jaap Arriens

Related topics Iran, Israel, Mike Pence, Mike Pompeo, Noost-Konferenz, Polen, Saudiarabien, Warschau
Next post Previous post