Search

You may also like

money
Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?
Neiegkeeten

Wéi kéint eis Bezéiung mat Groussbritannien nom Brexit ausgesinn?

Fir wien wëll unhuelen, datt d‘Modalitéite vun der Scheedung tëscht

Kopstal Jazz Champions League de 5.Abrëll!
Neiegkeeten

Kopstal Jazz Champions League de 5.Abrëll!

Dir sidd begeeschtert vu rhythmescher Musek, experimentéierfreedege Käpp an afalsräicher

Profession’L: Fir Frae, op der Sich no enger neier Karriär
Neiegkeeten

Profession’L: Fir Frae, op der Sich no enger neier Karriär

Fir eng éischt Kéier kënnt kennt Profession’L, eng Foire fir

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Ofhängegkeet zu Russland soll net klammen

„Nord Stream 2“ stéisst beim Tusk op Widderstand

Den Donald Tusk, President vum Europarot, huet Bedenke géintiwwer dem Projet „Nord Stream 2“.  Hien ass iwwerzeegt, datt de kontroverse Projet tëscht Russland an Däitschland net am Interêt vun der EU ass. Dëst schreift en an engem Bréif, deen en un de Jean-Claude Juncker adresséiert.

Méi Ofhängegkeet vu Russland

Aus dem Bréif, deen d’AFP konnt agesi, geet ervir: „Meng Siicht op dëse Projet ass negativ (…) dee mëscht eis méi Ofhängeg vum russeschen Approvisionnement an stäerkt d’Positioun vu Gazprom als dominante Fournisseur an der EU (…) Am Resumé, et ass net am Sënn vun den europäeschen Interessien.“

D’Europäer sinn dann och bei dësem Sujet gespléckt. „Nord Stream 2“ sollt bis Enn 2019 d’Kapassitéite vum grousse Brudder „Nord Stream 1“ verduebelen. Esou kéint méi russesche Gas iwwert d’baltescht Mier no Däitschland ageféiert ginn. Also ouni Transit duerch d’Ukrain. Héich kritiséiert vu verschidde Länner am Osten, virun allem Polen, verdeedegt Däitschland de Projet mat Hänn a Féiss. Am Kontext vu geopolitesche Spannungen tëscht der EU a Russland, dat net zu gudder Lescht wéinst dem Konflikt an der Ukrain, sinn dem Donald Tusk seng Bedenken net onberechtegt.

„Keng arbiträr Entscheedung“

No der „feindlecher“ Haltung vum Tusk géintiwwer dem Projet gefrot, hat d’EU-Kommissioun en Dënschdeg geäntwert. Si kéint „keng arbiträr Entscheedung huelen, déi ee Projet favoriséiert oder en anere blockéiert, datt aus Grënn vu Preferenzen.“ E Spriecher dozou: „Ons Entscheedunge mussen sech nom Gesetz riichten an näischt anescht, soss gi se juristesch ugegraff.

Dëse Spriecher preziséiert, datt d’Kommissioun zur Zäit „un engem juristesche Kader schafft, fir sécher ze stellen, datt d’Konstruktioun vun esou enger grousser Infrastruktur sech net an engem vide juridique ofspillt“. Dësen Text „soll dem Rot (deen d’Memberlänner vertrëtt) zur Approbatioun an den nächsten Deeg virgeluecht ginn,“ esou de Spriecher ofschléissend.

Enn Abrëll war de Finanzement vu „Nord Stream 2“ deen op 9,5 Milliarden Euro geschat gëtt, ofgeschloss ginn. Eenzegen Aktionär ass Gazprom, während seng Partner – déi franséisch ENGIE, déi däitsch UNIPER (ex E-ON) a Wintershall (BASF), d’éisträicher OMV an de britesch-hollännesche Konzern SHELL – d’Halschent vun de Käschten zu gläichen Deeler iwwerhuelen. Jidderee vun de fënnef europäeschen Industrieller iwwerhëlt esou eng Kontributioun an héicht vun 950 Milliounen Euro.

mat AFP

Foto: Eng Siicht op den Nord Stream Gaspipeline-Terminal zu Lubmin am November 2011 (© John McDougall/AFP)

 

 

Next post Previous post