Search

You may also like

OPGEPASST: Réckruff vu Sesam-Bagelen wéinst Planzeschutzmëttel
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vu Sesam-Bagelen wéinst Planzeschutzmëttel

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet deele mat, datt d’Sesam-Bagelen vum

What the Fakt – Dag vum Knätsch
International Neiegkeeten

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir
International Neiegkeeten

Britesche Premierminister gëtt de Rhythmus vir

Kaum datt e gewielt ass, scho gëtt de britesche Premierminister

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt ginn, datt Nordkorea seng Nuklear-Versich an Tester mat interkontinentale Rakéite beendegt. Eng Entscheedung déi um Fouss vu Seoul a Washington begréisst gouf, mee Tokio net wäit genuch geet.

„Ab dem 21. Abrëll, stoppt Nordkorea seng Nuklear-Versich a de Programm vun de ballisteschen interkontinentale Rakéiten“, esou d‘Ausso vum Kim Jong-Un, deen de Meenung ass datt de Site fir d‘Atomtester „seng Missioun erfëllt huet“. Dat ass zumindest déi offiziell Versioun, wéi se vun der staatlecher Presseagence KCNA verëffentlecht ginn ass.

KCNA deelt och mat, datt „de Norden ee Standuert fir Nuklear-Versich am Norde vum Land zoumécht, fir ze beweisen datt et der Regierung mat hiren Absichten eescht ass“. Eng Nouvelle déi knapp eng Woch virum Treffen tëscht dem Kim Jong-un a sengem südkoreaneschen Homolog Moon Jae-In, och Hoffnung op den historesche Sommet mam Donald Trump am Juni mécht.

Den amerikanesche President huet dem Kim Jong-Un seng Deklaratioun direkt begréisst, a gesäit doranner „eng ganz gutt Nouvelle vir Nordkorea an d‘Welt“. Den Donald Trump huet och säin Twitter-Account an Usproch geholl fir mat der ganzer Welt seng Freed ze deelen: „Grousse Progrès! Ongedëlleg un eisem Sommet deelzehuelen“.

Zu Seoul war een och beméit „e signifikative Progrès fir déi nuklear Entmilitariséierung vun der koreanescher Hallefinsel, op deen déi ganz Welt gewaart huet“, ze begréissen. Déi südkoreanesch Presidence ass iwwerzeegt, datt „dat positiivt Ëmfeld dat Nordkorea mat senger Entscheedung schaaft, den zukünftege Sommeten eng gutt Basis bidde kann“.

Japan geet méi nuancéiert mat der offizieller Ausso vu Nordkorea ëm. Hei ass d‘Vertrauen nach net hiergestallt an dem japanesche Verdeedegungsminister geet d‘Entscheedung vu Pyongyang net wäit genuch. Tokio léisst wëssen, datt déi japanesch Regierung den Drock géintiwwer dem kommunistesche Regimm wäert oprecht erhalen.

Missioun erfëllt

„Elo wou den operationelle Charakter vun den Atomwaffe gepréift ass, ass et fir eis net méi néideg Nuklear-Versich ze maachen oder ballistesch interkontinental Rakéiten ze testen“, soll de Kim Jong-Un, bei enger Sëtzung vum Zentralcomité vun der Partei ausgesot hunn. „De Standuert fir Atomwaffentester huet seng Missioun erfëllt“.

Ënnert senger Leedung, hat Pyongyang grouss Fortschrëtter an sengem Rëschtungsprogramm gemaach, mee war domatter an d‘Schosslinn vum UN-Sécherheetsrot geroden. Et huet Sanktioune gereent: säitens de Vereenten Natiounen, mee och Individuell vu Südkorea, den USA an der EU.

Fir den Daniel Pinkston vun der Troy-Universitéit handelt et sech hei wuel ëm eng positiv Entwécklung. „Et ass ee wichtege Schratt an déi richteg Richtung, mee onzouräichend am Kontext, wou Nordkorea zu senge fréieren Engagementer zur Netverbreedung vun Atomwaffe muss zréckfannen“. Et misst awer nach wesentlech méi konkret Beweiser ginn.

Säit Joren, esou soll de nordkoreanesche President bei der Sëtzung vum Zentralcomité vun der Aarbechterpartei erkläert hunn, huet Nordkorea eng Politik ëmgesat, déi een als „simultan Entwécklung“ oder „byungjin“ vum Militär an der Wirtschaft, gesinn huet. Elo eng staark Natioun „mussen sech d‘Partei an d‘Land op déi wirtschaftlech Entwécklung konzentréieren“.

Déi nei politesch Strategie

KCNA zitéiert de nordkoreanesche Staatschef: „Dat ass déi nei politesch strategesch Ausriichtung vun der Partei“. D‘Aarbechterpartei, déi um Freideg eng Plenarsëtzung ofgehalen huet, wou et ëm „eng nei Etapp“ an enger „historesch wichteger Period vun der koreanescher Revolutioun“ gaangen ass, schéngt gewëllt ze sinn, vun hirer aggressiver politesche Linn Ofstand ze huelen.

Nordkorea, huet 2017 ballistesch Rakéiten (ICBM) ofgeschoss, déi prinzipiell am Stand sinn den nordamerikanesche kontinentalen Territoire ze erreechen. D‘Land huet och säi stäerkste Versuch mat enger Atombomm an senger Geschicht gemaach, an dat domatter begrënnt, datt Nordkorea eng Atomwaff brauch, fir sech géint eng probabel US-Invasioun ze schützen.

Pyongyang hat zanterhier virgeschloen iwwert de Sujet ze verhandelen, am Echange vu Garantie fir seng Sécherheet. Den Donald Trump, dee gewarnt, gedreet a getweet huet, sot nach e Mëttwoch, datt hien net zécke géif, an d‘Entrevue mam Kim Jong-Un kéint fale loossen, wann déi keng Aussiicht op zefriddestellend Resultater géif maachen.

Washington warnt dann, och datt Nordkorea seriö mat sengen Engagementer ëmgoe muss. „Wann ech mengen, datt d‘Entrevue net fruchtbar ass, gi mir net dohinner. Ech wäert se da mat allen néidege Respekt verloossen“, esou de Milliardär aus dem Wäissen Haus.

Déi zwou koreanesch Natiounen hunn um Freideg dann och tëscht de respektive Presidenten „e rouden Telefon“ ageriicht. Béid Dirigente sollen sech an der nächster Woch an der demilitariséierter Zon, déi d‘Hallefinsel deelt, gesinn. De südkoreanesche President Moon Jae-In, wënscht sech hei e Friddensofkommes, fir offiziell de Krich a Korea ze beendegen.

mat AFP

Foto: En iwwerdimensionéierte Banner op der Fassade vum Stadhaus zu Seoul, weist zwou Hänn déi symboliséiere sollen, datt een zesummegehéiert. Déi nächst Woch gëtt et een éischte grousse Sommet tëscht dem Norden an dem Süden. Hei gëtt sech erhofft, datt een endlech zu engem Friddensofkommes kënnt. © Jung Yeon-Je/AFP

Related topics Atomwaffen, Donald Trump, Kim Jong-Un, Moon Jae-In, Nordkorea, Südkorea
Next post Previous post