Search

You may also like

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill
International Neiegkeeten

Fukushima: Japanesch Regierung bedreift e knaschtegt Spill

Greenpeace Japan huett e Méindeg matgedeelt, datt déi japanesch Regierung

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“
International Neiegkeeten

D’Band Legacy of Atlas mellt sech zeréck mat „Veto“

D’Lëtzebuerger Museker vu Legacy of Atlas sinn nees do! Wärend

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden
International Neiegkeeten

An den USA gëtt sech iwwert Covid19-Hëllef gestridden

Well sech den US-President Donald Trump och weiderhi weigert dee

Nordkorea gëtt keng Rou

Nordkorea gëtt keng Rou

„Rakéit! Rakéit! Eng Rakéit schéngt vun Nordkorea ofgeschoss ginn ze sinn. Bréngt iech a Sécherheet, gitt an de Keller“: et war e brutaalt erwächen um Freidegmoie fir d’Awunner am Norde vu Japan. An alt erëm wéinst Nordkorea.

D’Sireenen hu gehurelt a Warnungen iwwert Telefon hu moies um 7:00 Auer (23:00 Auer eiser Zäit) d’Bierger op der Insel vun Hokkaido opgeschreckt. Fir déi zweete Kéier a manner wéi engem Mount huet Nordkorea eng Rakéit iwwer Japan geschoss.

Och wa kee wierklech iwwerzeegt ass, datt eng Rakéit se kéint treffen, dru gewinne kann ee sech net, d’Angscht bleift déi selwecht. „Ech kann net soen dat ech dru gewinnt wier. Bedenkt, d’Rakéit ass iwwer eis Stad geflunn. Dat ass beonrouegend“, seet den Yoshihiro Saito, en Aarbechter aus dem klenge Fëscherduerf Erimo op Hokkaido.

Bei esou engem Virfall ass nëmme ganz wéineg Zäit a kee gleeft drun, datt ee sech wierklech ka schützen.

„Et ass erschreckend. Ech hunn héiere soen, datt d’Rakéit 2.000 Kilometer vun der Küst an de Pazifik gefall ass“, esou de Yoshihiro Saito géintiwwer der AFP. Zur gläihcer Zäit hu 16 vu senge Komeroden, alles Fëscher, ënnert der Trajectoire vun der Rakéit hir Aarbecht gemaach.

D’Japaner si wuel doranner geüübt sech mussen a Sécherheet ze bréngen. E Land dat den Äerdbiewen an den Tsunamien ausgeliwwert ass. Mee béi enger Rakéit wëssen der vill net, wéi se solle reagéieren. Bei esou engem Virfall ass nëmme ganz wéineg Zäit a kee gleeft drun, datt ee sech wierklech ka schützen.

Wéi laang nach?

„Flücht an e Gebai oder e Keller!“ D’Operateure vun den Telekommunikatiounsentreprisen hunn dem Alarm och iwwert e System vu geolokaliséierte Messagen un hir Cliente weidergeleet. Dat zousätzlech zum schonn effiziente Sireene-Warnsystem „J-Alert“.

D’Zuchverbindungen tëscht Hokkaido an der japanescher Haaptinsel Honshu waren zäitweileg ënnerbrach ginn. Och aner Linne waren duerch den Alarm ausgesat ginn. De Fluch-Trafic an der Géigend schéngt net betraff gewiescht ze sinn. Laut dem Shinya Matsuura vum Fluchhafen Obihiro, deen direkt ënnert der Fluchstreck vun der Rakéit läit, sinn d’Passagéier roueg bliwwen.

„Japan wäert ni esou eng Provokatioun, déi de Weltfridde bedréit, toleréieren.”

Shinzo Abe, Premier vu Japan

De Premierminister vu Japan, dee sech grad op Visite an Indien befënnt, huet och direkt reagéiert. „Japan wäert ni esou eng Provokatioun, déi de Weltfridde bedréit, toleréieren. (…) Wann Nordkorea esou weider mécht huet et keng Zukunft. Mir mussen alles ënnerhuele fir dat Nordkorea dat versteet“, esou de Shinzo Abe.

Déi Japanesch Regierung huet bestätegt – wéi ëmmer an esou engem Fall – datt seng Prioritéit d’Sécherheet vun den Awunner ass. De japanesche Verdeedegungsminister, Itsunori Onodera an de Generalsekretär vum Gouvernement hunn an de Minutten nom Ofschoss eng Reunioun vum nationale Sécherheetsrot aberuff.

Gi Sanktiounen duer?

Et ass déi zweet Rakéit, nom Ofschoss vum 29. August, déi Japan iwwerflitt. Et ass och, dovunner muss een ausgoen, d’Äntwert vu Pyongyang op déi 8. Serie u Sanktiounen, déi vun de Vereenten Natiounen nom leschten Atomtest verhaange gi sinn.

D’EU hat och um Donneschdeg d’Sanktioune géint Nordkorea verstäerkt.

D’EU hat och um Donneschdeg d’Sanktioune géint Nordkorea verstäerkt. Bréissel huet d’Mesuren ugeholl, déi ugangs August vun der UNO als Äntwert op den Ofschoss vun enger ballistescher Rakéit (ICBM) beschloss goufen. Déi interkontinental Rakéit soll amstand sinn den US-Territoire ze erreechen. D’EU iwwerhëlt generell déi vun de Vereenten Natiounen entscheete Mesuren an huet och versprach déi nei Sanktiounen ëmzesetzen.

Nach haut kënnt den UN-Sécherheetsrot fir eng Drénglechkeetssëtzung zesummen. D’Reunioun soll um 15:00 Auer (20:00 Auer eiser Zäit) hannert zouenen Diere stattfannen. Den Ausgang vun dëser Sëtzung ass och vun Experte schwéier anzeschätzen. D’Sanktioune schéngen den Kim Jong-Un net ze beandrocken an et ass net gewosst wéi wäit China a Russland bereet sinn“aner“ Mesuren unzehuelen.

Laut dem amerikanesche Militärkommando am Pazifik (PaCom) wier d’Rakéit vum Freideg, eng ballistesche Mëttelstreckerakéit. Déi soll vun der Insel Sunan ofgeschoss gi sinn a wier keng Bedreeung, weder fir d’USA nach d’Insel Guam am Pazifik gewiescht.

mam Hirosho Hiyama a Shingo Ito/AFP

Foto: An enger Gare zu Seoul (Südkorea) kucken d’Leit de Bericht iwwert den Ofschoss vun enger nordkoreanescher ballistescher Mëttelstreckerakéit (© Jung Yeon-Je/AFP)

Related topics Japan, Kim Jong-Un, Nordkorea, Rakéit, Vereente Natiounen
Next post Previous post