Search

You may also like

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora
International Neiegkeeten Sport

100 Joer Russen zu Lëtzebuerg – Geschichte vun enger atomiséierter Diaspora

Dat historescht Wierk 100 Jahre Russen in Luxemburg vun der

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen
International Neiegkeeten Sport

Frankräich: Mann kritt op oppener Strooss de Kapp ofgeschloen

E Freideg am Nomëtten ass ee Mann onwäit vun enger

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen
International Neiegkeeten Sport

EU-Finanzsommet och um Sonndeg ouni Léisungen

Am Sträit ëm de milliardeschwéiere Konjunkturpak zur Relance vun der

Nordkorea wäert net bei den Olympesche Spiller dobäi sinn

Nordkorea wäert net bei den Olympesche Spiller dobäi sinn

Wéinst dem Covid-19 huet den Nordkoreaneschen Olympesche Comité d’Entscheedung getraff, d’Sportler aus dem Land net op déi kommend Olympesch Spiller zu Tokio ze schécken.

Nordkorea wäert den nächste Summer net un den Olympesche Spiller vu Tokio deelhuelen, sot den Nordkoreanesche Sportsministère. Grond ass de Risiko vun der Coronavirus-Infektioun. Dat vum Kim Jong-un ugefouert Land erkläert, datt si hir Athlete virun der, duerch de Covid-19 veruersaachter globaler Gesondheetskris schütze wëllen.

Domat wäerten also keng Athlete wärend der Erëffnungsfeier mam roude Stärefändel virgefouert ginn – net emol ënnert dem eenheetlech koreanesche Fändel, wéi et am Joer 2018 wärend den Olympesche Wanterspiller zu Pjöngjang, am zerstriddene Nopeschland Südkorea de Fall war.

Et war deemools eng Olympiade, déi am Zentrum vun engem historesche Rapprochement tëscht den zwee Koreae stoung, déi zanter 1945 getrennt sinn. Hier Bezéiunge sinn zënterhier duerch Spannungsepisode wéi am Mee 2020 markéiert, wou en seelene Schosswiessel un der Grenz tëscht den zwee Länner stattfonnt huet.

Eng verpasst Geleeënheet zur Diplomatie?

Den Normaliséierungsprozess vun de Relatiounen tëscht de koreanesche feindleche Bridder, dee wärend dem Mandat vum 45. President vun den USA, dem Donald Trump en Projet vu senger Regierung war, ass allerdéngs um Scheitere vum Sommet vun Hanoi (2014) a schliisslech am Februar 2019 komplett zum Stëllstand komm.

Dës aktuell nordkoreanesch Nouvelle begrueft domat d’Hoffnunge vun de Südkoreaner an den Amerikaner, datt d’Olympesch Spiller genotzt ginn, fir dëse Prozess nei ze beliewen.

A senger olympescher Geschicht huet Nordkorea seng Participatioun schonn zweemol boykottéiert. 1972 hunn si d’Summerspiller zu Los Angeles ofgesot an 1984 waren si net zu Seoul. Am Ganzen huet d’Land well 56 Medailen, dovunner waren der 16 Gold gewonnen. D’Sportdsziplinë waren haaptsächlech Gewiichthiewen, Ringkampf, Boxen a Judo.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherbild: © Micha Brandli / Unsplash

Related topics Diplomatie, Kim Jong-Un, Nordkorea, Olympesch Spiller, Pjöngjang, Spanungen, Tokio
Next post Previous post