Search

You may also like

dislike
Editorial: Grad den DSK huet et néideg…
International Neiegkeeten

Editorial: Grad den DSK huet et néideg…

De franséische Sozialist a fréiere Generaldirekter vum Weltwährungsfong (IMF), Dominique

De Festival On Stéitsch sicht dech!
International Neiegkeeten

De Festival On Stéitsch sicht dech!

D’Editioun 2020 vum Festival On Stéitsch ass nees op der Sich

Walk of Steel
International Neiegkeeten

Walk of Steel

Déi Saarlännesch, däitsch an europäesch Stolindustrie steet, bedéngt duerch den

Nordkorea: Aussergewéinlecht Ageständnis beim Parteikongress

Nordkorea: Aussergewéinlecht Ageständnis beim Parteikongress

Dat dierft vill Bierger an Nordkorea iwwerrascht hunn: hire Leader Kim Jong-un huet bei der Erëffnung vum Kongress vun der Aarbechterpartei seng Landsleit agestanen, datt et beim regéiere wirtschaftspolitesch Feeler ginn huet. Esou wieren d‘Ziler vum 2016 erstallte Fënnefjoresplang a bal alle Beräicher verfeelt ginn. Hie versprécht datt d‘Partei en neie Wee fanne wäert.

Esou huet den 8. Parteikongress vun der nordkoreanescher Aarbechterpartei, wou de Kim Jong-un och de Virsëtz huet also mat engem ganz ongewinnten Tounfall ugefaangen. Et kann een dann och dovunner ausgoen, datt et dem „Béise Jong vu Pyongyang“ schonn eescht gemengt ass, wann hien hei behaapt, datt d‘Kader vun der Aarbechterpartei no engem Wee aus dëser nationale Kris sichen.

Wéi dëse Wee soll ausgesinn? Dat weess natierlech keen, an et ass och net an Nordkorea wou een d‘Fro wäert beäntwert kréien. Dem Staatschef seng atomar Exzesser, an de ganze Waffeprogramm deen dësen unhänglech ass, huet zur wäitreechende Sanktioune säitens der internationaler Gemeinschaft gefouert, woubäi kee sech erënnere kann datt et jeemools keng Sanktioune ginn hätt.

Dat erkläert zum gréissten Deel firwat et net nëmme keng wirtschaftlech Entwécklung an dësem Land huet, mee virun allem firwat et se net ka ginn. D‘Elite, oder villméi déi iewescht Etage vun der Aarbechterpartei gëtt vun de Sanktioune verhältnisméisseg verschount, mee wann de Kim Jong-un esou eng Ausso mécht, schéngt et beim Vollek ze ramoueren. D‘Partei mécht jo keng Feeler…

Hie bleift de Star

Wat eis elo „nei“ an „iwwerraschend“ virkënnt, ass esou gesinn awer just déi logesch Suite zu den am August getätegten Annoncen. Do hat de Staatschef wësse gelooss, datt een sech mat der Aarbecht vum Zentralcomité befaasse muss, an och un engem neie Fënnefjoresplang gedoktert géif ginn. Dat konnt ee schonn als éischt Ageständnis vu Feeler bei der Entwécklungsstrategie gesinn.

Da kënnt och nach derbäi, datt 2020 fir d‘Nordkoreaner ee Joer vun Naturkatastrophen an och der Covid19-Pandemie war. Net datt d‘Regierung eppes zu Infektiounszuelen oder Stierffäll ze soe gehat hätt, mee Pyongyang hat zäiteg seng Grenze mat China zougemaach (déi aner si bekanntlech ëmmer zou), wat sech dann och ganz negativ op déi wirtschaftlech Aktivitéiten ausgewierkt huet.

An enger „Demokratie“ – wann een emol kuerz Abstraktioun vun den USA maachen dierf – gi ganz Regierunge fir wesentlech manner ausgetosch, dee Risiko besteet fir de Kim Jong-un natierlech net. Hie gouf mat „Hurra“ Gejäiz empfaangen an alles huet geklappt, wéi de Leader dann awer nach vun enger „wonnerbarer Victoire“ an dem international errongene Prestige geschwat huet.

De nordkoreanesche Leader huet doriwwer eraus d‘Partei an héchsten Téin gelueft, wëll et hir gelongen ass d‘Pandemie vun de Bierger ewech ze halen. Offiziell gëtt et an Nordkorea keen eenzege Covid19-Infektiounsfall an eng Mask bei Masseveranstaltungen an/oder Parteitreffen, wierklech gesinn huet dat keen. Et ass also zumindest an engem Land op der Welt alles an der Rei.

mat indymedia/sel

Foto: De Parteikongress, deen eigentlech all fënnef Joer stattfanne soll, ass de wichtegste Gremium vun der Partei. De 7. Kongress am Joer 2016, war deen éischten no 36 Joer, an huet wuel och misse stattfannen, fir zumindest den Androck ze vermëttelen, datt de Kim Jong-un zum Virsëtzende konnt gewielt ginn. Hien hat d‘Staatsgeschäfter nom Dout vu sengem Papp (2011) iwwerholl. © KCNA

Related topics Aarbechterpartei, Kim Jong-Un, Nordkorea, Parteikongress, Pyongyang
Next post Previous post