Search

You may also like

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien
International Neiegkeeten

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien

Déi „populistesch“ Regierung an Italien hat versprach dat neit „Biergerakommes“

D’Woch vum natierleche Patrimoine de Rousen an der Belle Etoile
International Neiegkeeten

D’Woch vum natierleche Patrimoine de Rousen an der Belle Etoile

D’Asbl Patrimoine Roses pour le Luxembourg huet sech virgeholl, d’Rousen

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?
International Neiegkeeten

CGFP vs Spuerkeess: kënnt et elo zum Sozialkonflikt?

No dräi Joer Gestreits, ëm déi laut dem Gesetz vun

Nordkorea rifft sech an Erënnerung

Nordkorea rifft sech an Erënnerung

Entspriechend de südkoreaneschen Autoritéiten, huet Pyongyang hënt nees zwou Rakéite getest. De Kim Jong-un huet an de leschte Wochen seng Generäl derzou ugehalen d‘Tester mat de Rakéiten nees ze intensivéieren. An Zäite vun der Coronavirus-Pandemie, net wierklech passend…

Wéi och ëmmer, wat d‘Angabe vun de südkoreaneschen Autoritéite stëmmen, dann huet déi nei Atommuecht Nordkorea dëse Mount schonn säin drëtten Test duerchgefouert. Wéi gewinnt ginn d‘Rakéiten ëmmer iwwert d‘Mier geschoss, dat virzuchsweis a Richtung Osten. Bei deenen dës Nuecht agesate Rakéite, kéint et sech wuel ëm ballistesch Kuerzstreckerakéite gehandelt hunn.

Si solle kuerz no hirem Start am Weste vun Nordkorea iwwert d‘Land ewech geflu sinn, an op der Ostküst am Mier néiergaange sinn, esou de südkoreaneschen Etat-Major an engem kuerze Statement. Deen huet och Kritik um „Zäitpunkt“ geüübt. Et wier eng net appropriéiert Aktioun, well déi ganz Welt sech aktuell mat der Coronaviruskris ze beschäftegen huet. Si sollten also ophalen.

Eng Fuerderung, déi jo eigentlech sollt iwwerflësseg sinn, ëmmerhi gëtt et UN-Resolutiounen, déi dem béise Jong vu Pyongyang verbidde mat de Rakéiten ze spillen. Zudeem ass d‘Land mat esouvill Sanktiounen zougeschass ginn, datt ee sech scho bal wonnere muss, datt Nordkorea nach ëmmer an der Lag ass ballistesch Rakéiten (déi och Atomsprengkäpp kënnen hunn) ze bauen.

An et muss een och feststellen, datt d‘Nordkoreaner Fortschrëtter maachen, wat zum deel och déi héijer Testfrequenz no dräi Méint Paus erkläert. Dat gesinn och déi südkoreanesch Autoritéiten ähnlech. Déi zwou ballistesch Kuerzstreckerakéiten hunn en Fluchhéicht vu 50 Kilometer erreecht a hunn eng Streck vu ronn 410 Kilometer hannert sech bruecht. Mee war den Test erfollegräich?

Dëser Fro wëll de südkoreaneschen Etat-Major zesumme mat den Amerikaner nogoen. Interessant och de Fait, datt de Kim Jong-un gëschter nach eng Artillerie-Schéissübung un der „West-Front“ dirigéiert huet. Offiziell heescht et, datt et sech ëm ee „Concours tëscht groussen Eenheete vun der Volleksarméi“ soll gehandelt hunn (KCNA). Kléngt no asiateschem Humor, ass et awer net.

Scho bei de Wantermanöver hat déi nordkoreanesch Arméi verschidde Waffegattungen am Asaz, dorënner och sougenannt „multipel Rakéitewerfer“. D‘Reprise vun den „Tester“ huet dogéint den 9. Mäerz stattfonnt. An et wäert wuel net dobäi bleiwen. Op et an dësem Zesummenhang nach méiglech ass weider Sanktiounen (a virun allem wéi eng) ze verhänken, ass net ersiichtlech.

mat indymedia/sel

Illustratioun: Random Institute / unsplash

Related topics Coronavirus, Kim Jong-Un, Nordkorea, Pandemie, Pyongyang, Rakéitentest
Next post Previous post