Search

You may also like

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen
International Neiegkeeten

70 Joer NATO: Et gëtt héich Zäit, de Krichspakt opzeléisen

Déi „Nordatlantesch Vertragsorganisatioun“, déi am Joer 1949 ënnert der Bedeelegung

Asperger ass net gläich Asperger!
International Neiegkeeten

Asperger ass net gläich Asperger!

„Du bass Asperger? Da bass de jo e Genie!“ oder

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!
International Neiegkeeten

FÉDUSE/Enseignement-CGFP: Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze spéit ass!

Här Minister: Stoppt d’Mäerchestonn! Iwwerhuelt endlech Verantwortung, éier et ze

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt

Nordkorea wëll zur Strof, Millioune Fluchblieder iwwer Südkorea ofwerfen – déi hu jo ugefaangen

Korea: Déi geféierlechst Kannerspillplaz vun der Welt

Nodeems Pyongyang virun enger Woch den Verbindungsbüro zu Kaesong an Luucht gejot huet, fir Seoul ze weisen, datt een es deene ville Loftballone mat hire Fluchblieder midd ass, déi ëmmer nees vun Aktivisten an nordkoreanesche Flüchtlingen iwwert d‘Grenz geschéckt ginn, soll Gläiches mat Gläichem beäntwert ginn. An de Wand bléist bekanntlech net nëmmen a Richtung Nordkorea.

Bezitt ee sech op déi staatlech Noriichtenagence KCNA, dann huet de Regimm trotz Sanktioune genuch Pabeier opgedriwwen, vir schonn emol 12 Millioune Fluchblieder drécken ze loossen. Op dëse géif „D‘Roserei an d‘Wut vun de Mënschen aus alle Gesellschaftsschichten“ zum Ausdrock kommen. A ganz bedreelech: „D‘Zäit fir d‘Bestrofung réckelt méi no“, esou d‘Message.

Pyongyang schéngt awer unzëerkennen, datt de südkoreaneschen Asaz vu Loftballone guer keng schlecht Iddi ass. A Nordkorea hunn se där dann och eng 3.000 Opgedriwwen, déi sech fir eng „Loftënnerstëtzte“ publizistesch Strofmoossnam eegnen. Esoulaang wéi den Dissens iwwert de Wee vu Propaganda a Géigepropaganda ausgedroe gëtt, kéint een iwwert dës Ausenanersetzung laachen.

Dat Ganzt ass kee Witz, a wéi Kanner an enger Sandkëscht, déi sech zu Ufank mat Sand bewerfen, fir da mam Eemer an der Schëppchen openaner lasszegoen, esou dierf een dës Aktioune béidersäits de Grenzen net op déi liicht Schëller huelen. Wéi déi südkoreanesch Biergerbeweegung am Mee un der Grenz eng hallef Millioun Fluchblieder iwwert de Loftwee „zougestallt“ hat, war d‘Mooss voll.

Mat dëse Fluchblieder gëtt „Kritik“ un der Regierung an um Kim Jong-Un ausgeüübt a Pyongyang behaapt sech drop, datt dës schänterlech Provokatioune vu Seoul toleréiert ginn. Dat ass u sech net verkéiert, woubäi een de Kontext dann awer och muss duerleeën. Am Géigesaz zu Norden, gëtt et am Süden esou eppes wéi Demokratie, an do dierf ee Gebrauch vu senge Grondrechter maachen.

An deem Sënn: jo Seoul toleréiert d‘Fluchblataktiounen, well dat gesetzlech schwéier verhënnert ka ginn. Wann een dat berécksiichtegt, da sollt een zu Seoul elo awer déi geplangten Aktiounen an Nordkorea net virverurteelen. De Vereenegungsministère a Südkorea, huet nämlech Nordkorea elo opgefuerdert, seng Propagandaaktioun falen ze loossen. An hei kommen elo Eemer a Schëppchen…

Wärend dat vun den USA massiivst beaflosst Südkorea, d‘Fluchblataktiounen op der eegener Säit als demokratescht Grondrecht unerkennt, wier déi staatlech organiséiert Géigepropaganda ee klore Verstouss géint déi bilateral Vereenbarunge vun 2018. An dësen Texter haten sech de Norden an de Süden op „vertrauensbildend Moossname“ verstännegt. Et wollt een sech nees eppes méi no sinn.

An dësem Accord gouf sech drop gëeenegt, datt béid Fraktiounen hir Aktioune laanscht der Grenz, oder wéi et richteg heescht „Demarkatiounslinn“, géifen astellen. Déi vill a gäre benotzte Lautsprecher goufen agepaakt an och d‘Fluchblataktioune sollten ophalen. Dorunner huet sech awer nëmmen Nordkorea gehalen. Bis elo, well esou wéi et ausgesäit ass et Pyongyang batter eescht.

Nordkorea huet dann och d‘Fuerderung vu Sükorea zréckgewisen. A Seoul kann net méi nom Telefon gräifen, a versichen e klärend Gespréich ze féieren, d‘Leitung ass – nodeems de Büro gesprengt gouf – dout. Eng wierklech „direkt“ Kommunikatioun ass domadder ausgeschloss, an dat ass eigentlech déi gréisser Gefor. Zudeem plangt Nordkorea och nees Manöver un der Grenz…

mat indymedia sel

Illustratioun: © Paola Aguilar / unsplash

Related topics Demarkatiounslinn, Loftballonen, Nordkorea, Propaganda, Südkorea
Next post Previous post