Search

You may also like

money
Bankplaz Lëtzebuerg: D‘Chinesen iwwerhuelen d‘BIL
International Neiegkeeten

Bankplaz Lëtzebuerg: D‘Chinesen iwwerhuelen d‘BIL

Et war gewosst datt sech d‘Besëtzverhältnesser bei der BIL (Banque

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs
International Neiegkeeten

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech

Weltsommet fir d‘Impfung
International Neiegkeeten

Weltsommet fir d‘Impfung

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun

Bei liewegem Leif verbrannt

Bei liewegem Leif verbrannt

Bei engem Brand an engem Spidol am Nordoste vu Rumänien sinn zéng Covid19-Patiente bei liewegem Leif verbrannt, siwe weider Persoune goufen deels schwéier blesséiert. D‘Feier am Spidol vu Piatra Neamt soll op der Intensivstatioun duerch ee Kuerzschloss ausgeléist gi sinn.

Ënnert dem verletzte Fleegepersonal ass och den Dokter vum Déngscht. Dëse wollt de Mënschen déi un de Beootmungsapparater ugeschloss waren hëllefen an huet sech bei dësem Versuch Verbrennunge vum zweeten an drëtte Grad zougezunn. D‘Staatsanwaltschaft huet Ermëttlungen zur Brandursaach an de Wee geleet, och wann et zimmlech sécher schéngt e Kuerzschloss gewiescht ze sinn. Déi lokal Autoritéiten hunn op der Plaz ee Krisestaf ageriicht.

De rumänesche Gesondheetsminister Nelu Tataru wëll sech um haitege Sonndeg op der Plaz mat eegenen Aen e Bild vun der Lag maachen. Hien huet awer schonn de Rettungsdéngschter an alle Mataarbechter am Spidol fir hiren Asaz Merci gesot. Et misst een elo kläre wat zum Kuerzschloss ka gefouert hunn. Rumänien ass mat dat äermste Land an der Europäescher Unioun an déi ganz Infrastrukturen am Gesondheetswiese missten dréngend erneiert ginn.

Wier nach drop hinzeweisen, datt Rumänien déi éischt Coronavirus-Well gutt iwwerstanen hat, mee an de leschte Wochen – wéi eigentlech a ganz Europa – et nees massiv Infektiounsfäll ginn huet. Et koumen ëmmer méi Covid19-Patienten op d‘Spideeler duer, esou datt dës un hir Grenze gestouss sinn. Vill getest gëtt a Rumänien net, trotzdeem verzeechent d‘Land um Samschdeg 129 nei Fäll. Bis ewell sinn iwwer 8.800 Mënschen um Covid19 verstuerwen.

mat indymedia/buk

Illustratioun: © Aleksey Shkitenkov / unsplash

Related topics Brand, Feier, Intensivstatioun, Piatra Neamt, Rumänien, Spidol
Next post Previous post