Search

You may also like

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)
Neiegkeeten

Neie Stroossebelag an der Rue de Mühlenbach (23.05-25.05)

Vum Samschdeg, den 23. Mee bis Méindes, de 25. Mee

Alarmstuf Rout fir d’Mënschheet
Neiegkeeten

Alarmstuf Rout fir d’Mënschheet

D‘Dokteren ouni Grenzen (MSF) si well zanter engem hallwe Joerhonnert

money
China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert
Neiegkeeten

China wirtschaftlech u Lëtzebuerg interesséiert

Tëscht dem 12. a 15. August hat Lëtzebuerg Gäscht aus

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Wann een de Rapport zu den Aktivitéite vum Nordspidol (CHdN) an engem Saz misst resuméieren, kéint ee sech drop beschränken ze behaapten, datt 2019 ee ganz erfollegräicht Joer war. Dat gëllt fir béid Standuerter, Ettelbréck a Wolz, wou d‘Lescht Joer ronn 68.000 Patiente behandelt goufen.

A béide Spideeler waren 2019 ganzer 148 Doktere beschäftegt, déi sech op d‘Zesummenaarbecht vu 1.048 Mataarbechter (Fleegepersonal an all aner Déngschter zesummegeholl) verloosse konnten. Alles an allen huet 14.161 stationär an 197.590 ambulant Opname ginn. Et gouf 14.219 chirurgesch Interventiounen, 11.338 Dialyse-Sëtzungen an 3.503 Behandlunge mat Chemotherapie. An der Noutfallopnam hat et 79.629 Interventioune ginn. De Budget huet 137,9 Milliounen Euro bedroen.

Ganz erfreelech och de Fait, dat esouwuel de Standuert Ettelbréck wéi Wolz vun der europäescher Fondatioun fir Qualitéitsmanagement (EFQM) déi fënnef Stären Zertifizéierung erhalen huet. Eigentlech ass et eng Unerkennung vun der „Excellenz“, woubäi et wéineg Referenzmaterial zu der genannter Stëftung gëtt. De CEO vum Nordspidol, Prof. Dr. Hans-Joachim Schubert ass awer ganz zefridden a stellt fest, datt dës „Auszeechnung“ dem Engagement vun alle geschëlt ass.

Am Laf vun 2019 huet et eng Rei Restrukturatiounen a Verännerunge ginn. Esou ass de Service vun der Chemotherapie an nei Raimlechkeete geplënnert ginn, wat den Accueil vun de Patienten eppes erliichtert an och vun dëse ganz gutt opgeholl ginn ass. De CHdN huet dann och d‘Approbatioun zum nationalen Zenter fir Nephrologie zougestane kritt. D‘Nordspidol huet d‘Aféierung vum computergestëtze Patientendossier (DSP) virugedriwwen. Dësen ass den Ament nach ëmstridden.

Related topics Ettelbréck, Gesondheetssystem, Joresbericht 2019, Nordspidol, Wolz
Next post Previous post