Search

You may also like

surprise
Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS
International Neiegkeeten

Schwedesch Bank NORDEA verkeeft de Private Banking un d’UBS

D‘Gewerkschaft Banken an Assurancen (SBA) déi dem OGBL ugegliddert ass,

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen
International Neiegkeeten

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen

Déi europäesch Unioun huet dësen éischte Sommet mat der arabescher

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerg City Museum huet seng Dieren opgemaach

Mat der Dauerausstellung „The Luxembourg Story“ ass den fréieren Geschichtsmusée

Nordsyrien: Russland garantéiert Sécherheet fir kurdesch Zivilisten

Nordsyrien: Russland garantéiert Sécherheet fir kurdesch Zivilisten

Nodeems sech Ankara a Moskau, am Bezuch op eng „Sécherheetszon“ an Nordsyrien, schéngen eens ze sinn, soll d‘Kurdemiliz YPG aus dem Beräich ofgezu ginn. Als Géigeleeschtung hunn d‘Russe Garantie fir d‘Sécherheet vun de kurdeschen Ziviliste ginn. De Mann dee fir de Mëssel verantwortlech ass huet sech gëschter selwer op d‘Schëller geklappt an d‘Sanktiounen opgehuewen.

NordsyrienAn engem Telefonsgespréich tëscht dem kurdesche Kommandant Maslum Abdi an dem russesche Verdeedegungsminister Sergueï Schoigu, ass verséchert ginn, datt Russland fir d‘Sécherheet vun de kurdeschen Ziviliste garantéiert. Déi syresch-kurdesch Kampfverbänn sollten sech dann elo och entspriechend dem tierkesch-russeschen Ofkommes aus dem Gebitt zréckzéien.

God bless America

Während de Kreml-Spriecher Dmitri Peskow nach emol galant drop higewisen huet, datt d‘USA d‘Kurde „verroden“ hunn, huet de Maslum Abdi dëse fir „alles“ Merci gesot, besonnesch déi kuerz Wafferou déi de Mike Pence mat Ankara verhandelt huet, war dem Kommandant dës Ausso wäert. Den Donald Trump, deen de Kurde kierzlech virgeworf hat net am 2. Weltkrich gekämpft ze hunn:

Nordsyrien„Mir hunn d‘Liewe vu villen, ganz ville Kurde gerett. D‘Tierkei huet matgedeelt datt si déi op fënnef Deeg festgeluechte Feierpaus zäitlech net begrenze géifen. Dat ass en Ausgang dee mir geschafen hunn“, esou den US-President, dee mat senger Entscheedung déi ganz Situatioun eréischt ervirgeruff an honnert dausende Mënschen zur Flucht gezwongen huet. Esou geet Diplomatie.

NordsyrienA well alles esou verlaf ass wéi sech de Milliardär dat gewënscht huet an Ankara brav op d‘Uerder vu Washington reagéiert huet, konnt den US-President och verkënnegen, datt d‘Sanktiounen elo nees opgehuewe ginn. Woubäi den Donald Trump säin Homolog Recep Tayyip Erdogan awer gewarnt huet. D‘USA wiere bereet, wann d‘Tierkei géint d‘Wafferou verstéisst, se nees anzeféieren.

Militäresch Kooperatioun

Während sech an den USA e Milliardär voller Selbstluef selwer op d‘Schëller klappt, hunn den NATO-Partner Tierkei an d‘Russe mat der Ëmsetzung vun hirem Ofkommes ugefaangen. Elo ginn déi Patrullen, déi virdru vun tierkesch-amerikaneschen Eenheeten an der Sécherheetszon gemaach goufen, vu russesch-tierkeschen Eenheeten iwwerholl. Moskau setzt hei d‘Militärpolice an.

NordsyrienLaut de leschten Informatiounen si scho russesch Militärpolizisten zu Manbij am Asaz, a weider Eenheete wieren ënnerwee op Kobane. Déi vun der Tierkei ënnerstëtzte syresch „Rebellen“ hunn d‘Stad Ras al-Ain – déi während der Offensive schwéier ëmkämpft war – ageholl a dem Sultan zum Dank iwwerall tierkesch Fändelen opgehaangen. Ob dat elo scho Fridde bedeit ass net gewosst…

Foto: Den Donald Trump huet an der Sëtzung vum Kabinett iwwert d‘Situatioun a Syrien an déi erfollegräich Verhandlung tëscht der Tierkei a Russland geschwat. Ouni d‘Viraarbecht vum Mike Pence an dem Mike Pompeo, wier dat alles net méiglech gewiescht. Dank senger Wäitsiicht wiere Millioune Liewe verschount ginn, dat sollt d‘Welt esou och an de Geschichtsbicher liesen. © Shealah Craighead/White House (official)

Related topics Kurdemiliz YPG, Russland, Syrien, Tierkei, USA
Next post Previous post