Search

You may also like

D‘USA erliewe grad hire sanitäre Vietnam
Fail Meenung

D‘USA erliewe grad hire sanitäre Vietnam

Well den Donald Trump et net gereegelt krut, a säi

Méi wéi 265 Milliounen Euro Hëllef fir Entreprisen an Independanten
Fail Meenung

Méi wéi 265 Milliounen Euro Hëllef fir Entreprisen an Independanten

Zënter dem Ufank vun der Covid-19-Kris huet d’Direktioun fir Mëttelstand

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren
Fail Meenung

D‘USA wëlle Russland nei Sanktiounen imposéieren

Nodeems Moskau den Delai versträiche gelooss huet, ouni déi vu

dislike

Normal ass dat net

Normal ass dat net

D’Lëtzebuerger Wahlkampf-Saison geet dëst Joer iergendwéi méi fréi lass. Grond ass dem Frank Engel seng “onglécklech Wuertwahl”, déi nawell noleeë kéint, datt d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach gëtt. Anscheinend ass et iwwel genuch, datt no an no ëmmer méi Politiker sech zu Wuert mellen, wéi dat elo ze interpretéieren ass.

Normal ass dat ganz net méi. Gutt, Polemiken, dat gouf et schonn ëmmer, mee Nazivergläicher, op gewollt oder net, sinn schonn zimlech hefteg a weisen, wéi déif den Toun an Niveau am politeschem Diskurs mëttlerweil gefall ass. An iergendwou veruerden ech dat och doranner, datt am Verlaf vun de Neiwahlen an der Referendumskampagn dëst sech ëmmer nëmme weider verstäerkt hunn.

Dëst ass wuel symptomatesch vir vill Leit, déi sech net mat hirer Regierung identifizéiere kann. De Wielerwëllen gouf net vu Gambia respektéiert, sou den Toun vun Oppositioun a Stammdësch, déi ëmmer méi oft an engem Chouer sëtzen. An doranner veruerden ech dann och den Uersprung vun esou dichtegen Aussoen wéi déi vum Frank Engel. Souguer wa mer lo higinn, an et net als Nazi-Verglach deiten, esou ass et dach schonn interessant, datt vill Leit et eben esou interpretéieren. Well et schlicht an ergräifend op d’Stëmmung bei ville passt.

Verschidde Politiker a Parteien befeieren des Stëmmung, well se mengen, datt se dorausser politescht Kapital schloe kéinten. Dat ass eventuell net ganz falsch, an dach wëll ech kloer gesot hunn: Schueden ditt der der Politik am allgemengen domadder. Well d’Leit kréien ëmmer méi d’Gefill, datt Politik net wiesentlech besser ass, wéi en drëttklassegt Duerftheater.

Net ze vergiessen ass, datt dëst eng Duerstellung ass, déi eiser Demokratie wierklech net wierdeg ass. Net nëmmen ass se inhaltsfräi an niveaulos, si léisst och déif blécken an de Populismus, deen ëmmer méi an eiser nationaler Politik grasséiert. D‘Vertrauen an d‘Politik klëmmt doduercher ganz bestëmmt net – virun allem virum Hannergrond vum Dauerwahlkampf sinn dëst katastrophal Aussiichten.

Related topics EU, Frank Engel, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Poltiik
Next post Previous post