Search

You may also like

Eng nei Verbindung: Mam Vëlo vu Wolz op Kautebaach
International Neiegkeeten

Eng nei Verbindung: Mam Vëlo vu Wolz op Kautebaach

En Dënschdeg war et d’PC14 tëscht Schëndels a Miersch, gëschter

Europa-Wahl op der „Insel“
International Neiegkeeten

Europa-Wahl op der „Insel“

Et sinn Europa-Wahlen an entgéint allen Erwaardungen (an dësem Fall

Myanmar… am Virzëmmer vun der Hell
International Neiegkeeten

Myanmar… am Virzëmmer vun der Hell

Nodeems en Donneschdeg d‘Junta am Myanmar zimlech däitlech op der

Wann der de Buedem ënnert de Féiss entzu gëtt

Wann der de Buedem ënnert de Féiss entzu gëtt

Wann der de Buedem ënnert de Féiss entzu gëtt

Norwegen: an der Uertschaft Ask hunn um Mëttwoch iwwer 700 Mënsche missen a Sécherheet bruecht ginn. Hei war et zu engem Äerdrutsch komm, mellt d‘Police. Zur Stonn ginn nach eelef Mënsche vermësst, ronn zéng Awunner goufe blesséiert.

D‘Uertschaft Ask, eng 40 Kilometer vun der Haaptstad Oslo ewech, ass um Mëttwochmuere vun engem Äerdrutsch heemgesicht ginn. Direkt eng ganz Rëtsch Haiser war impaktéiert ginn an huet d‘Rettungsdéngschter zolidd ënner Drock gesat. Den Asazleeder vum Zivilschutz, Roger Pettersen, huet drop higewisen, datt déi vermësste Persounen an dësen Haiser gewunnt hunn, a gehofft gëtt datt déi meescht vun hinnen zum Zäitpunkt vun der Katastroph net doheem waren.

Géint 4 Auer Moies war d‘Police alarméiert ginn, woubäi sech zu dësem Ament nach kee konnt ee Bild vum Ausmooss maachen. Emol op der Plaz, hunn d‘Beamten da Groussalarm ausgeléist, an den Zivilschutz gouf alertéiert. Och dat norwegescht Rout Kräiz huet sech direkt un der Sich no de Vermësste bedeelegt. Vill Helikopter goufen agesat fir d‘Awunner ze evakuéieren. Schlecht Wieder an d‘Däischtert hunn et de Rettungskräften dann och wierklech net einfach gemaach.

Norwegen

Esou ee Virfall ass fir Norwegen net alldeeglech, firwat sech d‘Regierungscheffin zesumme mat der Justizministesch op der Plaz en eegent Bild vun der Situatioun gemaach hunn. D‘Premierministesch Erna Solberg no der Entrevue mat der Police an der Asazleedung zu Ask: „Ech stëmmen der Police zou, dat eleiten ass eng Katastroph“. Et ass zudeem och nach impressionnant, wann ee bedenkt datt sech den Äerdrutsch op eng Längt vu 700 Meter an eng Breet vun 300 Meter ausdehnt.

Wéi esou eppes geschéie kann, ass net wierklech verständlech. Fir den Ament gëtt spekuléiert, ob et mat der Aart vum Buedem kéint zesummenhänken. Bei dësem handelt et sech ëm de sougenannte „Leda Clay“ (am Kanada am „Champlain Sea Clay“ genannt). Dat ass ee feinsandege Leem, staark waasserhalteg an entspriechend instabil. En Ierwen aus der Äiszäit, quasi. Gléck am Ongléck, zu Ask gëtt et keng „Bierger“ beschtefalls Hiwwel, mee fir eppes Onrou a Virwëtz ass gesuergt.

Den Torild Hofshagen vun der norwegescher Verwaltung fir Waasser an Energie, erkläert, datt et sech bei dësem Virfall ëm ee vun de gréissten aus de leschte Joren handelt. Esou en Äerdrutsch, bezunn op d‘Zesummesetzung vum Buedem, géif schonn emol virkommen, dann awer net an esou engem Ausmooss. Et misst elo gekläert ginn, op den Äerdrutsch „natierlech“ ass, oder et awer hei eng Kausalitéit huet, déi mam Biergbau an dëser Géigend zesummenhänkt.

mat indymedia/osl

Foto: © Norwegian Rescue Service (handout)

Related topics Äerdrutsch, Ask, Gjerdrum, Naturkatastroph, Norwegen
Next post Previous post