Search

You may also like

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz
International Neiegkeeten

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz

Um Méindeg, de 7. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtech

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef
International Neiegkeeten

LëtzSmile: …déi „aner“ Zännseef

Wa mir eis en Ament vun der Pandemie lassgeléist kréien,

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss
International Neiegkeeten

Restaurant QoSQo: Déi latäinamerikanesch Wierz op der Plëss

Modern, faarwefrou a perfekt ofgerënnt – Esou presentéiert sech de

Norwegen: Rietskonservativ Regierung reforméiert Ofdreiwungsgesetz

E Gremium soll zukünfteg fir d‘Fraen entscheeden

Norwegen: Rietskonservativ Regierung reforméiert Ofdreiwungsgesetz

An der Nuecht vum Donneschdeg op e Freideg, hat et am norwegesche Parlament eng hëtzeg bis verbal „ausfalend“ Debatte ginn. Géigestand vum politeschen Dissens: eng gesetzlech Ännerung vum Recht op Schwangerschaftsofbroch. D‘Recht zur Ofdreiwung war de Fraen 1976 zougestane ginn, elo stellt déi radikaliséiert Premierministesch Erna Solberg, d‘Konditioun vun der Fra a Fro.

Ofdreiwungsgesetz

E vun den Eckpunkte vun der „Reform“ bezitt sech den Asaz vun engem Gremium, deen zukünfteg soll entscheeden op eng Fra e Schwangerschaftsofbroch virhuelen dierf oder eben net. Wien an dësem Gremium siegéiere soll, ob et eng Paritéit vun de Geschlechter gëtt a wéi d‘Kandidate fir dëse „Club“ ausgewielt ginn, ass net gewosst. Geséchert ass just, datt de fräie Choix net méi gëllt.

Nom Debat dann d‘Ofstëmmung. Mat de Stëmme vun der Majoritéit: Høyre (konservativ); FrP (rietspopulistesch); Venstre (liberal) an KrF (Chrëschtdemokraten) sinn d‘Rechter vun de Fraen dann och erwaardungsgeméiss beschnidde ginn. Also zumindest an der éischter Liesung, woubäi kaum ee sech erwaart, datt et déi zweet Liesung zur Besënnung bei de Fundamentaliste féiert.

Fakt jiddefalls ass, datt Norwegen ënnert der Leedung vun enger Fra, d‘Rechter vun eben de Fraen a Fro stellt. Et ass iwwerhaapt verwonnerlech, datt een et 2019 iwwerhaapt nach wot, engem Mënsch – egal ob Fra oder Mann – säi Recht op Selbstbestëmmung anzeschränken. A wann ee weess wéi d‘Regierungscheffin „tickt“, ass kloer, datt dat eloten nëmmen en éischte Schratt ass.

Ofdreiwungsgesetz

Et ass dann och net domatter gedoen, datt d‘Fraen an Norwegen virum Parlament demonstréieren. Et wier esou lues ubruecht – zumindest an der EU, esou laang et déi nach gëtt – datt sech d‘Frae generell solidariséieren. An dësem präsente Fall, wéi och beim „Fraestreik“ an der Schwäiz, muss méi geschéien. Eng Méiglechkeet, virun den Ambassade vu Norwegen Solidaritéit demonstréieren.

mat indymedia/osl

Foto: Vill Fraen haten sech beim Parlament afonnt, fir géint d’Reform vum Ofdreiwungsgesetz ze protestéieren. © b9AcE

Related topics Erna Solberg, Fundamentalismus, Norwegen, Ofdreiwungsgesetz, Schwangerschaftsofbroch
Next post Previous post