Search

You may also like

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch
Neiegkeeten

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch

Den Ambroise ass Matrous u Bord. Hien ass säit 2016

Wann et wéi op Schinne leeft…
Neiegkeeten

Wann et wéi op Schinne leeft…

Am Kader vum Lancement vum europäesche Joer vun der Schinn

Véier nei Sozialwunnengen am Val des Bons-Malades
Neiegkeeten

Véier nei Sozialwunnengen am Val des Bons-Malades

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot um 11, Val des

No Noutfallhëllef am Ausland: D’Regierung seet Merci!

No Noutfallhëllef am Ausland: D’Regierung seet Merci!

Nodeems d’Héichwaasser vu leschter Woch verschidde Regioune vun Däitschland an der Belsch besonnesch haart getraff huet an d’Bevëlkerung nach ëmmer mat den desastréise Konsequenzen ze kämpfen huet, si Lëtzebuerger Asazkräfte op d’Plaz geschéckt ginn fir Noutfallhëllef ze leeschten.

Um Owend vum 16. Juli hu sech 18 Membere vum CGDIS a 5 Membere vum Roude Kräiz mat am ganzen 10 Rettungsgefierer op de Wee a Richtung Bonn gemaach. Een Dag drop hu weider 23 Fraen a Männer hir Ënnerstëtzung zu Ahrweiler ugebueden a konnte vum provisoresch ageriichten Hëllefszenter um Nürburgring gebrauch maachen. Och an der Provënz Léck ware si am Asaz gewiescht sinn.

Vu Persounerettung, iwwert d’Evakuéierung vu blesséierte Persounen, hin zur Prise en Charge vu Patienten an hirem Deplacement hunn d’Pompjeeën, Infirmieren an Ambulancieren, déi reegelméisseg ofgeléist goufen, hir Kenntnisser an Hëllef do agesat, wou et besonnesch néideg war.

Mat engem décke Merci hunn eise Premier Xavier Bettel an d’Inneministesch Taina Bofferding gëschter Moien d’Asazkräfte vum CGDIS an dem Roude Kräiz empfaangen. Hir Presenz wier – esou ass d’Ministesch et aus den Temoignage gewuer ginn – als staarkt Zeeche vun der Noperschaftshëllef empfonnt ginn.

Biller: © SIP / Luc Deflorenne

Related topics Ahrweiler, Asaz, CGDIS, Corps grand-ducal d'incendie et de secours, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Merci, Noutfallhëllef, Rout Kräiz, Taina Bofferding, Wallounien, Xavier Bettel
Next post Previous post