Search

You may also like

Der Monarchie den „Dicks gebéit“
International Neiegkeeten

Der Monarchie den „Dicks gebéit“

Elo wou dem Jeannot Waringo seng Bericht virläit steet fest:

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
International Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Och Wierder kënne wéidoen!
International Neiegkeeten

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

De geféierlechen TR4 Pilz bedreet den Ubau vun der Banann a Mëttelamerika. Bal 200 Hektar Planzen si scho vernicht ginn, wëll kee gëeegent Géigemëttel existéiert. D’Importateure warnen elo, datt d’Präisser vun der beléifter Fruucht steige wäerten.

Och zu Lëtzebuerg gehéiert d’Banann zum Liiblingsuebst vun der Bevëlkerung. D’Majoritéit vun de giele Friichte kréie mir aus Peru, Costa Rica, Ecuador an ebe Kolumbien. Eist däitsch Nopere kréie gutt 90 % vun hire Banannen aus dem betraffene Land a mussen doduerch ëmsou méi grouss Kompromësser agoen. De Problem läit bei engem schlëmme Pilzbefall, dee sech 1990 a Südostasien ausgebreet, an elo och Mëttelamerika erreecht huet.

Banann

Scho laang siche Wëssenschaftler no engem Mëttel géint de sougenannte Fusarium Osysporum TR4. De Pilz setzt sech nämlech un de Leedungsbunnen vun der Banannestaud fest, gëtt do méi grouss a bréngt d’Plaz reegelrecht zum Erstécken, andeems weder Waasser, nach Nierstoffer bei der Fruucht ukommen.

Déi eenzeg Moossnam, déi d’Land ergräife konnt, war fir déi ganz Planzen ze vernichten, woubäi elo schonn iwwer 170 Hektar zerstéiert gi sinn. Op nationalem Niveau ass souguer den Noutstand ausgeruff ginn.

Banann

Wann de Problem am Kär läit

Wëll Banannë besëtze kleng Kären a wéineg Fleesch. D’Cavendish, eng Banannenzort déi am Handel besonnesch dominéiert a keng Kären huet, klont sech ëmmer weider, sou datt d’Planzen een immens eenheetlecht Ierfgutt hunn. Huet den TR4 also bei enger Planz Erfolleg, esou ass och direkt déi ganz Ëmgéigend bedreet.

Fir de Mënsch ass de Pilz net gëftegt, e beaflosst „just“ de Wuesstem vun der Planz. D’Produzenten hunn domat gerechent, datt et iergendwann esou wäit kënnt. Elo leeft allerdéngs d’Zäit dervun: Aner wichteg Ubauregiounen, wéi Costa Rica, Honduras an Ecuador leien direkt niewendrun.

Fuerscher siche momentan no Planzen, déi eng Ofwier géint den Pilz hunn a wou d’Friichten och no Banann schmaachen. Et hätt een et scho probéiert mat enger Zort aus dem Oman, déi awer éischter no Apel schmaacht a sech ze schlecht lagere léisst fir den internationalen Uspréch gerecht ze ginn.

Och de Marc Seidel, Chef vun Chiquita Däitschland, huet ënnerstrach: „D’Gefor ass extrem héich, datt et d’Banann, wéi mir se kënnen, an e puer Joer net méi gëtt.“ Musse mir also an Zukunft op eis heemesch Friichten, wéi Apel a Bier zeréckgräifen?

Related topics Ausstierwen, Banann, Fruucht, Kolumbien, Noutstand, Pilzbefall, TR4
Next post Previous post