Search

You may also like

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen
Meenung Neiegkeeten

Indonesien: Monsun bréngt Staudamm zum iwwerlafen

Déi onmoosseg Waassermassen déi de Monsun mat sech bruecht huet,

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!
Meenung Neiegkeeten

Aktivdoheem.lu: Sportlech aktiv, och wärend der Coronakris!

Fir d’Ausbreedung vum Coronavirus Covid-19 op ee Maximum ze limitéiert,

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
Meenung Neiegkeeten

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Elo huet de Roberto Traversini och säi Mandat als Deputéierten néiergeluecht

Batter awer noutwenneg Decisioun (Kommentar)

Fir de fréieren Député-Maire vun Déifferdeng waren déi lescht puer Wochen, esou wéi hien dat an sengem oppene Bréif duerstellt, net einfach mee hien hätt se genotzt, fir iwwert alles wat esou an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt ginn ass nozedenken.

Zur Erënnerung, wéinst Irregularitéiten a sécherlech och e puer Decisiounen déi virschnell geholl goufen, déi dem Gemengeconseiller vun déi lénk, Gary Diderich, net entgaange waren, hat sech d‘Oppositioun am Déifferdenger Gemengerot um Roberto Traversini verbass. D‘Virwërf waren enstpriechend zolidd an de Buergermeeschter huet d‘Feeler unerkannt an d‘Konsequenz ugeholl.

Eigentlech wier et, wéi hie säi Mandat als Buergermeeschter néiergeluecht huet, och dat bescht gewiescht direkt säi Mandat als Deputéierten ofzeginn. Et kann een natierlech elo net mat absoluter Sécherheet behaapten, datt esou ee Schratt seng Parteikollegin an Ëmweltministesch, Carole Dieschbourg ganz aus der Schosslinn geholl hätt. Déi huet et den Ament dann och net einfach.

An elo, wou de Roberto Traversini och déi lescht Konsequenz gezunn huet, sollt een him, ëmmerhi war an ass hien Asiichteg, elo déi „Rou“ vergënnen déi hie brauch. Dat engersäits fir sech op de juristesche Volet vu sengem „Feelverhale“ konzentréieren ze kënnen, an him seng Chancen an der Zivilgesellschaft ne ze verbauen. Och hien huet e Recht drop zouversiichtlech no vir ze kucken.

Hien hofft elo – wat verständlech ass – datt seng Partei net fir seng Feeler zur Verantwortung gezu gëtt, an datt déi gréng sech och weiderhi géint d‘Klimakris a fir déi sozial Gerechtegkeet politesch abrénge kënnen. Wat hie gemaach huet léisst sech wuel net méi réckgängeg maachen, an méi wéi sech éierlech ze entschëllege sollt een him net ofverlaangen. Dat huet hien elo gemaach. Bravo“.

Illustratioun: Klaus Hausmann / Pixabay

Related topics Déifferdeng, Député-Maire, Gary Diderich, Récktrëtt, Roberto Traversini
Next post Previous post