Search

You may also like

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?
Kultur Neiegkeeten

Kee Patentschutz fir de Covid19-Vaccin?

Wärend de „Verzicht“ op Patentrechter bei eis am Land keen

Ee gréngt Weltwonner: 100 Milliounen Hektar Beem fir Afrika
Kultur Neiegkeeten

Ee gréngt Weltwonner: 100 Milliounen Hektar Beem fir Afrika

Iwwer 8000 Kilometer zitt sech déi Grouss Gréng Mauer queesch

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence
Kultur Neiegkeeten

Stater Spideeler: Parallel Garden an der Urgence

Fir d’Waardezäite fir Patienten an der Urgence ze verkierzen hunn

Nouvelle Vague um 29. Januar an der Kulturfabrik

Bossa Nova/New Wave waarden op Iech – Support: Arden (BE)

Nouvelle Vague um 29. Januar an der Kulturfabrik

Et war 2004, den Héichpunkt vum French Touch, wou de Paräisser Kollektiv ënnert der Leedung vum Marc Collin an Olivier Libaux hiren éischten Album verëffentlecht hunn. E presentéiert eng nei kënschtleresch Iddi, déi ëm d’Welt goe sollt: New Wave – Bossa Nova – Nouvelle Vague!

De Bossa Nova am Stil vun de 50er a 60r Joren, verdreemt, gedroe vu jonke Frae mat eenzegaartege Stëmmen, erfënnt an transforméiert de Punk/New Wave Repertoire vun de 70er an 80er Joer nei. Nouvelle Vague ass ab dësem Zäitpunkt zu engem globale Phenome ginn.

A wéinege Méint huet Nouvelle Vague d’Viruerteel vun enger Coverband zerrappt a begeeschter mat Ënnerstëtzung vun diverse renomméierte Label (Peacefrog, Luaka Bop, Rough Trade, Pias) ee Publikum, deen d’Originalversiounen ze vergiesse schéngt.

Nouvelle Vague

© Nouvelle Vague

Mat de Sänger Camille a Mélanie Pain hunn den Olivier Libaux a Marc Collin hir éischt Live-Show kreéiert: Eng minimalistesch Show, mat just zwou eenzegaartege Stëmmen, begleet vun enger Gittar, e bëssi Keyboard a Klangstëmmung. Eng triumphal Tournée huet net laang op sech waarde gelooss.

2019: Fënnef Studioalben an zuelräich Concerten op der ganzer Welt méi spéit feiert Nouvelle Vague säi 15-järegt Bestoen. Fir de Jubiläum ze feieren ass de Grupp 2019 mat enger akustescher Tournée ëm de Globus gereest an huet dobäi déi ursprénglech Show vun 2004 nees opliewe gelooss. An der jéngster Live-Produktioun vun Nouvelle Vague, déi am Juni 2018 a Groussbritannien uropgefouert ginn ass, fënnt d’Band zu senge Wuerzelen zeréck.

Am leschte Joer ass dunn den Documentaire Nouvelle Vague by Nouvelle Vague erauskomm, deen dem aussergewéinlechen Epos vum Grupp gewidmet ass, sou wéi zwee onverëffentlecht Studioalben.

Wéi, wat a wou?

Um 29. Januar 2020 besicht Nouvelle Vague no 12 Joer endlech och erëm d’Lëtzebuerger Land. De Concert um Mëttwoch sollt een net verpassen. D’Diere maachen um 19:30 Auer op. Am Virverkaf kascht den Entrée 26 €, d’Oweskees läit bei 30 €. Weider Informatioune ginn et op www.kulturfabrik.lu an bei Nouvelle Vague.

Related topics Arden, Bossa Nova, Concert, Kulturfabrik, Minimalismus, Musék, Nouvelle Vague
Next post Previous post