Search

You may also like

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis
Neiegkeeten

15. November: De Lëtzebuerger an europäesche Solarpräis

Nodeems den europäesche Solarpräis schonn zu Berlin, Roum Prag, Wien,

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?
Neiegkeeten

Léisst sech d‘Kris vum Venezuela an Norwegen léisen?

Vertrieder vun der venezuelanescher Regierung an Oppositioun, hunn sech zu

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

Gutt Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Géintiwwer dem Mee 2020 ass de Chômagetaux am Mee 2021 ëm 14,2% erofgaangen

Gutt Nouvelle vun der Aarbechtsfront

Zum 31. Mee esou d‘ADEM, hat et 17.340 ageschriwwen Demandeuren. Dat sinn 909 manner wéi nach am Abrëll, a géintiwwer Mee 2020 sinn et der 2.869 (14,2%) manner. Zuelen déi sech, bezunn op d‘Ëmstänn an den Impakt vun der sanitärer Kris, duerchaus weise kënnen.

Den aktuelle Chômagetaux, no de saisonal bedéngte Korrekturen, läit laut STATEC bei 5,9%. Dat ass ee ganz erfreelecht Resultat, och wa gewosst ass, datt d‘Pandemie engersäits nach net eriwwer ass, an anersäits d‘Reprise eréischt ugelaf ass an nach vill Secteuren op staatlech Ënnerstëtzung ugewise sinn. Fir den Ament ginn d‘Zuelen dann och éischter als „Géigereaktioun“ bezeechent.

Am Mee hunn sech 1.881 Residenten (+206 géintiwwer Mee 2020) ageschriwwen. D‘Zuel vun de Beneficiaire ass och réckleefeg (-1.058 op 1 Joer). Déi voll Indemnitéit geet un 9.073 Beneficiairen ausbezuelt. D‘Zuel vun den Demandeuren déi an enger „Mesure“ sinn läit bei 4.562 (+733). Fräi Plaze goufen der 3.961 gemellt (+73,9%). Insgesamt huet d‘ADEM 8.864 Plazen ze verginn.

Annex: De ganzen Detail zu den Zuelen

Related topics ADEM, Beneficiairen, Chômage, Demandeuren, Disponibilitéiten, Mesuren, Statec
Next post Previous post