Search

You may also like

Eng illustréiert Kritik fir e Budget
Neiegkeeten Stories

Eng illustréiert Kritik fir e Budget

Den Dout vum Groussherzog Jean huet de politesche Kalenner vun

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt
Neiegkeeten Stories

Editorial: Se sinn net vun dëser Welt

Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp
Neiegkeeten Stories

Krisegebitt Mëttelmier: op der Ocean Viking ginn d‘Liewensmëttel knapp

D‘Ocean Viking, déi vun den Hëllefsorganisatioune SOS-Méditérranée an Dokteren ouni

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen

Nowhere Brewing – d‘Konscht gudde Béier maachen ze loossen

Et gëtt bosseg Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann: „viru laanger, laanger Zäit, et war e kalen Nomëtteg am Summer. Zwee Kärele sëtzen an der Stad ronderëm engem Dësch, et gëtt gegrillt a sech den eegene Béier an d‘Bier geklappt. Vill Gebraddels méi spéit war ee sech eens: dat sollt een eigentlech mat der ganzer Welt deelen“. An esou ass „Nowhere Brewing“ entstanen.

Hir „Philosophie“ ass dann och ee ganze Krack manner komplex wéi hir Béierzorten: nëmmen déi bescht Ingredienten a grousse Respekt virum Prozess. Schliisslech ass de Papp vum Gedanken, de Mënschen en aneren, en héichwäertegen artisanale Béier unzebidden. En éiwege Challenge, well béid Kadetten si keng Braumeeschter, firwat d‘Rezepture besonnesch stëmmeg musse sinn.

Vun Nowhere Brewing gëtt et eng helle Wull un exzellente Craft Beers, a mir hunn eis hei fir de Clockwork Orange en echte Milkshake NEIPA* entscheet. Interessant un dësem gëllege Béierchen, d‘Laktos engem IPA bäizemëschen, deen esou eppes méi séiss a cremeg gëtt. Un a fir sech, ass et ee mega flotten „IPA“ dee sech mat sengem Happ ganz fruuchteg am Mond ufillt, ouni sauer ze sinn.

Mat 6,4% Alkoholgehalt wëll dëse Béier moderat konsuméiert ginn (et sief et géif ee chaufféiert oder et ass ee schon „doheem“). Zum Inhalt gehéiere Geeschtmalz, Huewer, Laktos, Happ, Orangëschuel, Vanill an Hief. Zesummegeschrauft gëtt de Clockwork Orange an der Loonbrouwerij Graaf van Lynden zu Cothen (Holland). An déi beherrschen hiert Handwierk…

Woubäi ee scho soe muss, et huet een dëse jo awer eppes besonnesche Béier-Styl entweder léif oder et haasst een hien. Dofir muss een de Borscht awer emol probéiert hunn. Et huet liicht dréiwe Bléck, eng wonnerprächteg awer net opdrénglech Happ-Nout, déi vum fruuchtegen Touch dee vun den Orangëschuelen an der Vanill hierkommen, gutt gedroe gëtt. Absolut empfeelenswäert also.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

* NEIPA ass d‘Ofkierzung fir New England Indian Pale Ale

Related topics artisanale Béier, Clockwork Orange, Craft Beers, NEIPA, Nowhere Brewing
Next post Previous post