Search

You may also like

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff
International Neiegkeeten

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass chronesch iwwerlaascht an erfëllt seng Missioune

dislike
Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent
International Neiegkeeten

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus

18 järegt Affer stierft no Messerpickerei
International Neiegkeeten

18 järegt Affer stierft no Messerpickerei

Am Quartier Bouneweg gouf um Dënschdegowend ee jonke Mann vun

Si hunn him Nowitschok an den Téi gemaach

Regierungsspriecher Steffen Seibert: „De Kreml-Kritiker Alexej Nawalny ass mam chemeschem Nervekampfstoff vergëft ginn“. Dat wier esou zweiwelsfräi an engem Labo vun der Bundeswehr festgestallt ginn.

Si hunn him Nowitschok an den Téi gemaach

Den Alexej Nawalny, deen zu Berlin an der Charité am kënstleche Koma ëm säi liewe kämpft, ass leschten Erkenntnisser no mam engem chemeschen Nervekampfstoff vergëft ginn. D‘Charité huet dofir ee spezielle Laboratoire vun der Bundeswehr mat der Ënnersichung beoptraagt. Zu Berlin ass ee „bestierzt“ a laut dem Pressespriecher huet d‘Bundesregierung den Ugrëff schaarf veruerteelt.

Et heescht weider, datt déi russesch Regierung „drénglechst opgefuerdert ass sech zum Virgank ze äusseren“. Berlin géif sech elo mat den EU- an NATO-Partner beroden, fir uschléissend eng dem Fall ugemoossen Äntwert virzeleeën. Déi gesamt Chefetage vun der Bundesregierung: d‘Angela Merkel (Bundeskanzlerin), den Olaf Scholz (Vizekanzler a Finanzminister), den Heiko Maas (Ausseminister), den Horst Seehofer (Bundesinneminister), d‘Christine Lamprecht (Justizminister), d‘Annegret Kramp-Karrenbauer (Verdeedegungsminister) an den Helge Braun (Kanzleramtschef), sollen sech op gemeinsam Schrëtter ofgestëmmt hunn.

Nowitschok

An dësem Fall, dee staark un d‘Affär „Skripal“ erënnert, wëll sech d‘Bundesregierung och mat der Organisatioun zum Verbuet vu Chemesche Waffen (OPWC) a Verbindung setzen. Dem Alexej Nawalny seng Fra an déi behandelnd Doktere sinn mëttlerweil iwwert d‘Resultater vum Laboratoire informéiert ginn. De russeschen Oppositionelle war den 22. August aus Russland mam Verdacht op Vergëftung un déi Berliner Charité iwwerstallt ginn. Dat awer eréischt no diplomateschem Drock.

Stoff fir en owendfëllende Film

Dem Alexej Nawalny seng behandelnd Doktere betruechte säi Gesondheetszoustand als eescht, wat ugesiichts dem agesate Kampfstoff fir hien onschiedlech ze maachen, wuel éischter als Euphemismus ze bewäerten ass. Datt den Dissident op engem geféierleche Fouss gelieft huet, an och an Regierungskreesser éischter onbeléift war, ass weder nei nach gëtt et vu Moskau bestridden.

Et ass och net fir d‘éischt, datt Nervegëfter vun der Nowitschok-Grupp agesat ginn. Am Summer 2018 waren ee fréiere russesche Spioun an seng Duechter a Groussbritannien mam Kampfstoff a „Kontakt“ geroden. Fir Moskau a folgerichteg och de russesche President Vladimir Putin dierft et komplizéiert ginn, sech och am Fall Nawalny aus der Affär ze zéien. Ee Nervegëft vun dëser „Qualitéit“ léist sech net am heemesche Keller zesummeschrauwen an um Schwaarzmaart wäert ee se éischter net ugebuede kréien. Geheimdéngschter an d‘Arméi kënnen eng Bezuchsquell sinn.

NowitschokZe beweisen datt de russeschen Zar oder säin direkt Ëmfeld an dëse Gëftuschlag verwéckelt sinn, datt dierft allerdéngs net esou einfach sinn. An och wann alles, mee esou wierklech alles drop hin deit, datt d‘Regierung muss doranner verwéckelt sinn, déi sech uschléissend diplomatesch Schluecht muss jo och emol gewonne ginn. Aus dem russeschen Ausseministère huet et gëschter Owend geheescht: „Ons Ambassade ass ronderëm d‘Auer op, mir waarden op d‘Ënnerlagen. Mat Virwërf ëm sech geheie bréngt eis net weider, mir mussen hei schonn zesummeschaffen“.

D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel hat e Mëttwoch bei der Pressekonferenz kloer zum Ausdrock bruecht: „Hie sollt zum schweige bruecht ginn. (…) Mir erwaarden, datt sech déi russesch Regierung zu dësem Virgank erkläert. Et stellen sech schwéierweiend Froen, déi nëmmen déi russesch Regierung beäntwerte kann. (…) D‘Welt wäert op d‘Äntwerte waarden“.

mat indymedia/ber/lon/mow

Illustratioun: © He Junhui / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Angela Merkel, Berlin, Charité, Chemsch Kampfstoffer, Kreml, Nervegëft, Nowitschok, OPWC, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post