Search

You may also like

Impstoffpoker: huet Bréissel geblufft?
International Neiegkeeten

Impstoffpoker: huet Bréissel geblufft?

Nodeems den éisträichesche Kanzler zesumme mat fënnef Gläichgesënnte fir eppes

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee
International Neiegkeeten

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Mee

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun
International Neiegkeeten

SAF: Fir alternativ nohalteg Kraaftstoffer an der Aviatioun

Mat engem Schreiwes positionéieren den Transportminister François Bausch a seng

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht

NRA geet léiwer an d‘Insolvenz wéi viru Geriicht

Fir der Strofverfolgung am Bundesstaat New York ze entgoen huet d‘National Rifle Association elo Konkurs ugemellt. D‘NRA, gréisste Waffelobbyist an den USA, wëll sech restrukturéieren an och de Siège vun der Organisatioun an den Texas verleeën.

D‘National Rifle Associatioun ass net Faillitte, wéi e fälschlecherweis kéint unhuelen. D‘umelle vun der Insolvenz ass deel vun engem strategesche Plang. Am August 2020 hat d‘Letitia James, Generalstaatsanwältin vun US-Bundesstaat New York, d‘NRA wéinst Verontreiung, Bedruch a Mëssbrauch ugeklot. Wier d‘Klo erfollegräich, misst sech d‘National Rifle Association opléisen.

NRA

Et ass a war allerdéngs ni wierklech ee Geheimnis, datt féierend Figure vun der NRA sech op Käschte vun der Organisatioun grouss Luxusreese geleescht hunn. Aufgaben déi vun Drëtten dir d‘Associatioun getätegt goufen, sinn un d‘Famill oder Frënn vun den Dirigente vergi ginn. Et huet dann och kee Member vun der NRA déi juristesch Schrëtter ënnerholl. Et war wéi gesot, esou Usus.

Kritiker vun der NRA, déi elo drop hiweisen, datt sech d‘Organisatioun mat dëser Insolvenz wéilt dem laangen Aarm vum Gesetz entzéien, hunn zwar 100% Recht, et verhënnert allerdéngs och net, datt d‘Géigepartei dat anescht duerstellt. Vun der NRA heescht dann och kuerz a knapp, datt een de Sëtz wéilt verleeën, fir engem korrupten a vergëftem politeschen Ëmfeld de Réck zouzewennen.

NRA

D‘Staatsanwältin huet hirersäits ugekënnegt, datt ee ganz genau wäert déi virgeluechten Umeldung vun der Insolvenz studéieren. D‘Letitia James huet verséchert, datt een et net wäert zouloossen, datt sech d‘National Rifle Association mëttels enger „Taktik“ oder anere Spëtzfënnegkeeten onbestrooft kéint verfuussen. Esou liicht kéint sech eng och Aflossräich ONG net der Verantwortung entzéien.

Illustratioun: © National Rifle Association

Related topics Bundesstaat New York, Insolvenz, Letitia James, National Rifle Association, NRA, USA
Next post Previous post