Search

You may also like

Naturkatastroph zu Lëtzebuerg: Finanziell Hëllef an Héicht vu 50 Milliounen Euro versprach
Kultur

Naturkatastroph zu Lëtzebuerg: Finanziell Hëllef an Héicht vu 50 Milliounen Euro versprach

Bei der ausseruerdentlecher Sitzung vum Regierungsrot gouf déi aktuell Situatioun

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“
Kultur

Diddenuewen: Virgeluechten Opnamezenter ab ee Méindeg „en Attente“

Eis direkt Noperen, déi ganz zolidd – fir net ze

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?
Kultur

Editorial: Just gutt gemengt oder stécht méi derhannert?

Am Kontext vun der pandemescher Lag am Land, deet sech

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz

De „Nuit des Lampions“ ass e magesche Festival, an dee geet schonn op seng 11. Editioun duer. Organiséiert gëtt de Festival, dee sech fir déi Famill ubitt an och entspriechend Succès huet, vun der Associatioun „Cooperations“. Dee fënnt statt dësen 22. September vu 16 bis 03 Auer.

Vum Gaart vu Wolz bis an d‘Groussgaass, iwwert den Amphitheater… honnerten Installatiounen aus handgemaachte Luuchten, dierften och dëst Joer nees fir e grousst Liichten an de Kannerae suergen, woubäi och déi „Grouss“ hei en onvergiesslecht Erliefnes gebuede kréien.

Déi sëlleche Lampione maachen aus der Stad „ganz do uewen“ e ganz besonneschen Uert. Et kann ee sech an eng Mäerecherswelt entféiere loossen, et dierf een nees Kand sinn, an der Fantasie fräie Laf loossen. An dat dës Ausso esou stëmmt, beleeën och d‘Visiteurszuelen…

Wäit iwwer 10.000 Mënsche kommen, zanter datt dëse Festival am Kulturjoer 2007 gegrënnt gouf, all Joer op Wolz, fir un dësem „Spektakel“ deelzehuelen. A wann d‘Lampionen eng Haaptroll hunn, esou gëtt et e volle Kulturprogramm mat ville bekannten a berühmten Artisten. (Amphitheater)

Et si Konschtinstallatiounen ze bewonneren, et gëtt Theater, Danz, an esouguer Zirkusartisten trieden op. Zauberer wéi och Feierspäizerte sinn ze gesinn. Am Virverkaf ass ee mat ganzer 5 Euro derbäi, den Dag selwer kascht et 7 Euro de Billjee. Kanner ënner 13 Joer bezuelen näischt.

Related topics Associatioun Cooperations, Konscht, Nuit des Lampions, Wolz
Next post Previous post