Search

You may also like

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz
Kultur Neiegkeeten

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz

An der Nuecht vum 21. op den 22. Februar ass

Wann s de iwwert d‘Strengt schléis
Kultur Neiegkeeten

Wann s de iwwert d‘Strengt schléis

Déi eegemächteg Militäraktioune géint den Iran an dat stännegt amëschen

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)
Kultur Neiegkeeten

Abrigado – Eng Spillplaz fir den Drogenhandel? (nogeduecht)

Den „Drogeproblem“ ass zu Lëtzebuerg mat den aktuelle Léisungsvirschléi net

Nuecht vun der Kultur

Nuecht vun der Kultur

Wa laang Zäit net gewosst war op de grousse kulturellen Event „Nuecht vun der Kultur“ zu Esch-Uelzecht kéint stattfannen, esou konnt d‘Covid19-Pandemie sech deem awer zu gudder Lescht net an de Wee stellen. Gutt et gouf eng helle Wull u Reegelen an Oplagen, a wien sech seng Plaz net zäiteg reservéiert hat, ma dee konnt net deelhuelen.

Trotz allem ass den Organisateur ganz zefridde mam Oflaf. Fir de Loïc Claret waren et vill där Erausfuerderunge beienaner an nach wéineg Deeg iert de Event da lancéiert gouf, huet hien den Drock dann och eppes méi massiv op senge Schëllere gespuert. Mee et sollt alles wéi geplangt, virun allem ouni Stress a Gestreits, säi Wee goen.

Wéi vill Gäscht deelgeholl ass wuel net gewosst, mee wann ee sech an de sozialen Netzwierker ëmkuckt, léist sech feststellen, datt d‘Offer den Erwaardunge gerecht ginn ass, a jiddereen esou och op seng Käschte komme konnt. Et war dann och ee bëssi eppes wéi ee Virgeschmaach, op dat wat d‘Leit am Kader vun Esch2022 erwaart.

Natierlech hoffen d‘Gemeng an d‘Organisateure vun der „Nuecht vun der Kultur“, datt 2021 nees de „volle Programm“ ka ugebuede ginn. Esou „nëmmen um Belval“ geet villen Haiser de Kontakt zum Public verluer, an dobäi sollt d‘Nuecht vun der Kultur eigentlech all d‘Konschthaiser matenaner verbannen. Et herrscht awer Zouversiicht…

Foto: © Eustachi Regis (via Twitter)

Related topics Belval, Esch-Uelzecht, Fest, Konscht, Kultur, Nuecht vun der Kultur, Nuit de la Culture
Next post Previous post