Search

You may also like

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022
Neiegkeeten

SERVIOR: Neit Fleegeheem zu Déifferdeng fir 2022

Zanter leschtem Mëttwoch ass de Chantier fir déi nei Betreiungsariichtung

Erkenns du dës Kierchtierm?
Neiegkeeten

Erkenns du dës Kierchtierm?

[onionbuzz quiz-id=152][/onionbuzz] Et ginn honnerte vu Kierchen zu Lëtzebuerg. Do

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt
Neiegkeeten

Dossier Traversini: D‘Gemeng huet eng Rechnung ausgestallt

Wéi mir gewuer goufen, huet d‘Gemeng Déifferdeng am Kontext vun

Nuetseilen ënnert Observatioun

Wien no 23 Auer am ëffentleche Raum ënnerwee ass, sollt dofir och ee ganz gudde Grond hunn

Nuetseilen ënnert Observatioun

Nodeems den 30. Oktober d‘Regierung hiert modifizéiert Covid19-Gesetz an der Chamber duerch- an esou och ëmgesat kruten, ass zu Lëtzebuerg nees eng Spärstonn agefouert ginn. Dat hat zanter dem zweete Weltkrich well net méi ginn, an et ass en däitlechen Agrëff an eis Grondrechter. Et gëtt zudeem keng wëssenschaftlech Grondlag déi et begrënnt, mee d‘Police muss elo duerchgräifen.

Gutt, déi meescht wäerten sech soen: „ee Mount laang um eelef doheem, dat sollt ze maache sinn“. Géifen d‘Leit am Land net nëmmen esou denken, mee sech dann och nach drun halen, jo da hätten d‘Zankerten et och eppes méi liicht a kéinten sech de Brigangen unhuelen. Mee de Mënsch geet do bekanntlech aner Weeër, firwat d‘Police da muss d‘Aen ophalen, op d‘Spärstonn agehale gëtt.

All Dag mécht d‘Police bis zu 33 Kontrollen, a wéi gesot, wa jidderee verstänneg wier an dat mat de Reegele verstanen hätt, bréicht et dat jo net. Déi lescht Woch, esou geet et aus dem Policebericht ervir, hunn d‘Beamten a 15 Fäll ee Rapport/Protokoll un déi zoustänneg Verwaltunge misse weider ginn, well Geschäfter/Entreprise géint Hygiènesreegelen an/oder Spärstonn verstouss hunn.

Mee och Zivilpersoune goufen déi lescht Woch „kontrolléiert“. A jo et si sécherlech schwiereg Zäite fir d‘Nuetseilen, mee och si mussen sech un déi imposéiert Spärstonn halen. An 180 Fäll, esou geet et aus dem Bericht ervir, huet d‘Police dat missen erklären. Et deiere Rot, well d‘Consultatioun zu spéider Stonn, hunn d‘Beamte mat enger Tax an Héicht vun 145 Euro, quasi a Rechnung gestalt.

Illustratioun: © Atlas Obscura / unsplash

Related topics 145 Euro, Covid19-Gesetz, Nuetseilen, Police, Protokoll, Spärstonn
Next post Previous post