Et kriselt nees tëscht Peking a Washington
Nodeems d‘Trump-Administratioun d‘Aarbecht vun de chinesesche Staatsmedien zolidd begrenzt huet,
Nodeems d‘Trump-Administratioun d‘Aarbecht vun de chinesesche Staatsmedien zolidd begrenzt huet,
Am Kambodscha soll elo de Frae per Gesetz ënnersot sinn,
[onionbuzz quiz-id=193][/onionbuzz] Gëllen dinn d’Loftlinnen. Zum Erfaassen ass Geoportail geholl
Déi „Bëllia Bratzelgecken“ haten sech 2016 eng besonnesch afale gelooss a wollte mat hirer Entscheedung nei Weeër goen: Net wéi üblech op Bretzelssonndeg, mä scho Samschdes haten si am Kader vun enger Nuetsveranstaltung déi grouss Kavalkad am Musel- a Sauerstiedchen organiséiert.
Et war gewot a couragéiert, mee den Public huet dëse Rendez-vous mat vill Begeeschterung ugeholl an esou ass et net verwonnerlech, datt den Event sech weiderentwéckelt a sech vergréissert huet. Et ass 2019 da och schonn déi véiert Editioun vun der Nuetskavalkad, an och déi huet Neies ze bidden. Esou gëtt et dëst Joer e grousst Festzelt virum Kulturzenter, wou exklusiv Fuessmusek gespillt gëtt.
Eis Bratzelkinnigin Gaby I. © Bëllia Bratzelgecken
Den Ëmzuch start op der Musel-Esplanade, an och dëst Joer hu sech nees vill Gecken ugemellt fir matzemaachen. Alles an allem gëtt et 8 Musekskapellen, 12 Foussgruppen an 30 Festween. Méi war net dran, a vill Demanden hu misse refuséiert ginn. Dat ass den Organisateure beileiwen net liicht gefall. Mat derbäi d‘Prënzekoppel vun der Stad Tréier: „Pierre a Marie-Claire“ mat der Stadgarde.
Erënnere mir nach drun, datt zu Waasserbëlleg déi éischt Kavalkad 1948 Stattfonnt huet. Si gouf dunn onënnerbrach bis 1963 weidergefouert. Ab 2004 huet déi éischt Kavalkad vun der „Neizäit“ ginn an zanterhier, hunn d‘Bëllia Bratzelgecken d‘Kavalkad um Bretzelssonndeg organiséiert. Dat heescht bis 2015. Duerno ass se an d‘Nuecht gefall. Et ass folgerichteg schonn déi 32. Editioun.
D‘Organisateure weisen nach drop hin, datt fir d‘Nuetskavalkad Parkplazen ugeluecht gi sinn, een awer gutt beroden ass den ëffentleche Verkéier ze notzen. Detailléiert Informatiounen zu de Linnen a dem Horaire, gëtt et op der Säit www.bratzelgecken.lu.
Foto: Zu Waasserbëlleg sinn och d‘Kanner wëllkomm. (Archiv 2018) © Christian Goergen/Bëllia Bratzelgecken