Search

You may also like

Chrëschtdag an enger Stad mat Bensin am Blutt
Neiegkeeten

Chrëschtdag an enger Stad mat Bensin am Blutt

Net nëmme Stied an Dierfer hu wonnerschéi Chrëschtmäert. Och d’Autostad

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft
Neiegkeeten

Asteroid TC4: Knapp derlaanscht ass och dernieft

Um haidegen Donneschdeg 7.41 Auer, ass den Asteroid TC4 a

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vun der éischter Häerztransplantatioun

Haut viru 51 Joer huet d’Medezin een enorme Fortschrëtt gefeiert.

Eng laang Nuecht fir d‘Police

Ganzer 61 Mol hunn d‘Beamten an der Nuecht vum Samschdeg op e Sonndeg missen agräifen

Eng laang Nuecht fir d‘Police

Et ass – a jo och mir hunn d‘Gefill eis stänneg ze widderhuelen – alt nees ee „beweegte“ Weekend fir eis Poliziste gewiescht. Dës Kéier waren et dann awer emol eng Kéier net d‘Verstéiss géint d‘Covid19-Reegelen déi de Beamten eppes ofverlaangt hunn, mee d‘Stéierung vun der Nuetsrou.

De Premierminister Xavier hat et ugekënnegt, d‘Police huet et annoncéiert an all d‘Medien hate gewarnt, datt et zu weidere Kontrolle kënnt. Dat esou eppes guer net misst sinn, wann d‘Leit sech verstänneg géife behuelen, och dat ass gewosst an et sollt kee mengen, datt d‘Poliziste Spaass dorunner hunn, de Bierger ëmmer nees mussen op d‘Fanger ze klappe wëll iwwerdriwwe gëtt.

An der Nuecht op ee Sonndeg hunn d‘Patrulle vun der Police dann awer mussen an 61 Fäll uechtert d‘Land un där enger oder anerer Dier klappen. Hei dierf een dann elo direkt eppes relativiséieren, well an den allermeeschte Fäll huet et sech ëm „eppes haart Musek“ an Appartementer, deels och just Gäscht déi et mat der Lautstäerkt iwwerdriwwen hunn gehandelt. Och Hondsgebill war derbäi.

Et ass bei kenger Interventioun zu nennenswäerten Tëschefäll komm. Wann d‘Police geschellt an de Grond vum „Besuch“ genannt huet, war de Problem séier geléist, d‘Musek ass op eng erdréiglech Lautstäerkt erofgeschrauft ginn an d‘Gäscht hu versprach den Toun ze mässegen. Am Ranking vun den Interventioun kritt d‘Haaptstad déi éischt Plaz, gefollegt vun Esch-Uelzecht a Käerjeng.

Dat Summervakanz ass an d‘Temperature regelrecht derzou alueden d‘Nuecht zum Dag ze maachen ass gewosst, an datt een do eppes méi laang am Gaart sëtze bleift a bis Sonnenopgank matenaner potere wëll, stellt keen a Fro. Et ass dann awer och ëmmer eng Fro vu Respekt anere géinteniwwer, d‘Nuetsrou ze respektéieren. Et gutt Zesummeliewe geet nëmmen am géigesäitege Respekt.

Illustratioun: Et ass Summer an d‘Temperature lueden een net an zäiteg an d‘Bett ze goen. Wien e Gaart huet ass dann och méi sollicitéiert an natierlech dierf och geprost ginn. No 22 Auer awer sollt ee respektéieren, datt d‘Noperen hire Schlof brauchen. Dat verlaangt dann och keng Begrënnung, et ass eng fro vum géigesäitege Respekt, jidderengem seng Nuetsrou ze vergënnen. © Blake Wisz / unsplash

Related topics Nuetsrou, Party, Police
Next post Previous post