Search

You may also like

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban
Kultur Neiegkeeten

D‘Chrëschtdemokraten aus dem Benelux vereent géint de Viktor Orban

Mat engem gemeinsame Bréif un de President vun der Europäescher

Bamfällung zu Boufer: Wann een Nationalmonument ofstierft
Kultur Neiegkeeten

Bamfällung zu Boufer: Wann een Nationalmonument ofstierft

En ass als Nationalmonument agestuuft, muss awer haut aus Sécherheetsgrënn

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Nuit de la Culture 2021 – Esch, säi Buedem a seng Erënnerungen

Samschdes, den 11. September 2021

Nuit de la Culture 2021 – Esch, säi Buedem a seng Erënnerungen

De Site vum Ellergronn wäert sech fir d’Nuit de la Culture 2021 nee an en Uert vun der Magie, dem Humor an den Iwwerraschunge verwandelen. Am Fokus stinn dës Kéier de roude Buedem, déi al Eisenindustrie an déi domat verbonne Geschicht vum Minett. Loosst Iech verzauberen!

„Mir hunn et eis erlaabt 2018 ze dreemen, 2019 mam Waasser ze spillen, an 2020 ze ootmen. Fir 2021, eng ganz speziell Editioun, éiere mir d’Erënnerung an de Buedem vun Esch, fir esou vu sengen Originnen, senger Geschicht a senge Spueren ze erzielen“, deelen d’Organisateure mat. Vun 18 Auer bis Mëtternuecht gëtt mat Concerten, Atelieren, Liesungen a villem méi d’Kultur an all senge Facetten ervirgehuewen.

Nuit de la Culture 2021
© Jordi Bover

Ënnert de 50 Aktivitéiten fir Kleng a Grouss fënnt sech esou ënnert anerem de lëschtege Spektakel La Kermesse – Compagnie La Machine erëm, deen mat sengen 8 Stänn déi grouss Traditioun vun de Forrainen artistesch duerstellt. Zirkus-Kreatiounen in situ hunn Trajectoires éphémères – Compagnie Ampersand Variations ze offréieren, wärend La tortue de Gauguin – Compagnie Luc Amoros duerch säi faarwege Spektakel aus Musek, Text an impressionnante metallesche Strukturen iwwerzeegt.

Den Ofschloss gëtt mat engem grousse Bal gefeiert. Hei suergt de Grupp The Yokel mat senger Folk-Bluegrass-Pop-Musek fir déi richteg Atmosphär.

Opmaacherbild: © Jordi Bover

Related topics Atelieren, Concert, Ellergronn, Erënnerung, Musek, Nuit de la Culture 2021, roude Buedem, Spektakel, Stolindustrie, Vergaangenheet
Next post Previous post