Search

You may also like

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW
Neiegkeeten

Haut de Mëtteg 16 Auer: IMPRO KANNER SHOW

Dir hutt bei dësem flotte Wieder nach keng Ahnung wat

dislike
Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock
Neiegkeeten

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Um Samschdeg huet den UN-Sécherheetsrot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran
Neiegkeeten

US-Sanktioune géint de spirituelle Leader vum Iran

En hat et annoncéiert an huet et och gemaach: Den

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie

Déi 17. Editioun vun der Nuit des Musées war erëm ee vollen Erfolleg. Ganzer siwe Muséeën hunn an der Stad Lëtzebuerg ee räiche Programm u Kultur, Animatioun a Musek gebueden.

Bis Mëtternuecht, an deelweis och doriwwer hinaus, konnten d’Spectateure Konscht a Geschicht an de verschiddene Muséeën duerch d’Stad verdeelt kucke goen. Dorënner waren de Casino Lëtzebuerg, mat contemporärer Konscht, d’Villa Vauban an net ze vergiessen eise bekannte MUDAM. Fir d’Geschichtsinterresséierter hunn d’Organisateuren de Lëtzebuerg City Museum, de Musée Dräi Eechelen an den nationale Geschichts- a Konschtmusée ugebueden. Am Gronn konnt een den Naturmusée besichen, den fir Kleng a Grouss vill ze bidden hat.

Déi verschidde Locations konnten d’Besicher mat Navetten, dem Tram oder dem ausgefalene rouden engleschen Doppeldeckerbus areechen. Geographesch gesinn, verlafen d’Gebaier an engem Bou, wouduerch och den Numm „Museumsmile“, mam englesche Wuert „Smile“ entstanen ass.

D’Planéiten hu begeeschtert!

Highlight am Naturmusée war nieft de villen Déieren an der Geschicht vun der Evolutioun vun der Welt, déi speziell Ausstellung vum Michael Benson. Mat „Otherworlds“ weist hien d’Schéinheet vun eisem Sonnesystem. Mat 70 Fotoen, déi och am risege Format nach schaarf am Detail sinn, presentéiert de Kënschtler Ausgesinn, Struktur an Ästhetik bei de verschiddene Planéiten, mee och den technesche Fortschrëtt vun de leschte Jore fir esou Biller realiséieren ze kënnen. Bis de 6. Januar 2019 kann een dës wonnerbar an interessant Ausstellung um zweete Stack vum Gebai nach besichen.

De MUDAM, Lëtzebuerger Musée fir modern Konscht, huet d’Installatioune vum Susumu Shingu, déi sech dynamesch mat Waasser a Wand beweegen an de Virdergrond gestallt. Zu 3 Zäiten ass, bei sengem Buer am Hall vum Musée, d’Performance „Art. 13 Runway“ gewise ginn. Zum Sound vun elektronescher Musek hunn dräi Dänzer mat Warnwesten thematesch zum Artikel 13 vun der Mënscherechtserklärung ronderëm dem Shingu säi Konschtwierk gedanzt. Haaptsächlech goung et ëm Thematik vun de Flüchtlingen, déi et net ëmmer mat hirem Boot un d’Festland packen.

Kee Gedrécks, dofir vill Programm

Generell huet eng ganz angenehm Atmosphär geherrscht. D’Leit ware gutt verdeelt an de verschiddene Muséeën, wouduerch, ausser an der Kees, kee Gedrecks opkoum. Et hat ee genuch Platz an Zäit fir d’Konscht ze genéissen an d’Geschicht ze verstoen.

De Visiteuren no hu generell manner Leit, wéi d’Jore virdrun, um Event deel geholl. Trotzdeem war et ee gelongenen Owend, bei dem ee vill erliewen a léiere konnt. Fir de Präis gesäit een enorm vill vun eisem klenge Land, wat awer vill ze bidden huet.

Related topics Casino Lëtzebuerg, Dräi Eechelen, Geschichtsmusée, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg City Museum, MUDAM, Musée, Naturmusée, Nuit des Musées, Villa Vauban
Next post Previous post