Search

You may also like

Dammefussball: De Progrès Nidderkuer spillt ganz disziplinéiert…
Neiegkeeten Sport

Dammefussball: De Progrès Nidderkuer spillt ganz disziplinéiert…

Fir dës éischt Renconter no Ofschloss vun der Fussball-Wanterpaus, haten

De Mound als Tëschenetapp
Neiegkeeten Sport

De Mound als Tëschenetapp

Viru ronn 40 Joer goufe fir d‘Lescht Steng vum Mound

Den US-President huet seng Stëmm ofginn
Neiegkeeten Sport

Den US-President huet seng Stëmm ofginn

Milliounen Amerikaner hunn et schonn hannert sech bruecht, an hir

3.500 Participanten op der Nuit du Sport 2021

Ganzer 17 Gemengen an Organisatiounen hunn deelgeholl, ëm 60 sportlech Disziplinne goufen ugebueden, an ganzer 3.500 Participanten hu vun der Initiative profitéiert – d’Nuit du Sport 2021 kann een als absolut gegléckt bezeechnen.

Bei dësem Evenement goufe Kleng a Grouss motivéiert, déi verschiddenst Sportaarten auszeprobéieren, eppes Neies ze woen an d’Loscht un der Beweegung erëm ze gewannen. Déi 12. Editioun vun der Nuit du Sport huet leschte Samschdeg landeswäit stattfonnt an nei Hoffnung geschenkt: „Dat lescht Joer war schwéier a mir hu vill Benevolle verluer. D’Nuit du Sport ass eng grouss Motivatioun fir eis Clibb an Associatiounen“, sou eng Ausso säitens den Organisateuren.

Dem Motto „Maach mat a probéier aus“ konnt een un dësem Sportsowend op alle Fall gerecht ginn. Vu klassesche Sportaarten, hin zu méi originellen a vläicht bis dohinner och nach net bekannten Aktivitéiten, konnt en décke Programm gebuede ginn.

Den Appell zur Nuit du Sport gëtt all Joer vum nationale Jugendservice (SNJ) an dem Sportsministère am Kader vum nationale Plang „Gesond iessen, méi beweegen“ (GIMB) lancéiert. An dësem Joer hunn d’Gemengen Biissen, Klierf, Kontern, Feelen, Keel, Koplescht, Esch-Sauer, Lëtzebuerg, Manternach, Munneref, Péiteng, Réiser, Sandweiler, Schengen, Schieren, Schëffleng (digital Versioun) a Schëtter deelgeholl.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie © SNJ / Lazzarini Marc

Related topics Erfolleg, Gesond Iessen Méi Beweegen, Hoffnung, Nuit du Sport 2021, physesch Aktivitéiten, Service National de la Jeunesse, SNJ, Sportsclibb, Sportsministère
Next post Previous post