Search

You may also like

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss
Neiegkeeten Sport

Nei Wunnstruktur fir Demandeuren op internationale Schutz: D’Solidaritéit ass grouss

Am Kader vun der Ouverture vun enger neier Wunnstruktur fir

D’Maison de l’Orientatioun plënnert
Neiegkeeten Sport

D’Maison de l’Orientatioun plënnert

Vum 15. bis den 20. Abrëll wäert d’Maison de l’Orientation

surprise
Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?
Neiegkeeten Sport

Ass den ADR an der Mëtt vun der Gesellschaft ukomm?

Um Freideg huet déi politesch Wahlkoalitioun vun ADR a Wee

D’Nuit du Sport steiert seng 12. Editioun un – Maach mat a probéier aus!

D’Nuit du Sport steiert seng 12. Editioun un – Maach mat a probéier aus!

Sportlech Disziplinnen kennenzeléieren, sech ze beweegen a verschiddenst Aktivitéiten auszeprobéieren, ass de 5. Juni 2021 mat der 12. Editioun vun der Nuit du Sport nees landeswäit méiglech.

Nodeems d’Evenement eng éischte Kéier 2009 vum nationale Jugendservice (SNJ) an dem Sportsministère organiséiert ginn ass, koum et reegelméisseg zum aktive Rendez-vous. D’Gemengen hunn hir Sportsclibb mobiliséiert an all aner Acteuren aus dësem Beräich motivéiert deelzehuelen an esou der Ëffentlechkeet ze weisen, wat et alles gëtt.

Huet am leschte Joer dës beléifte Renconter missen ausfalen, esou ass een elo ëmsou méi frou de Programm, an deem sech 19 Gemengen an weider Organisatiounen ageschriwwen hunn, presentéieren ze dierfen. Ënnert dem Thema „Maach mat a probéier aus!“ wäert de 5. Juni vun Aikido a Kick-Boxen, iwwert Parkour, Teqball, Zumba a Beachvolleyball hin zu Kan Jam, Nordic Walking an Darts richteg vill gebuede ginn.

Weider Informatiounen wou ee wat ausprobéiere kann, fannt Dir op www.nuitdusport.lu.

Related topics Ausprobéieren, Maach mat a probéier aus!, Nuit du Sport 2021, physesch Aktivitéit, SNJ, sportlech Disziplinnen, Sportsministère
Next post Previous post