Search

You may also like

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin

Nodeems d’Europäesch Kommissioun um 6. Januar gréng Luucht ginn huet,

money
China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung
International Neiegkeeten

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht
International Neiegkeeten

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht

Haut den, 18. Mäerz 2021 verhandelt d‘Landesgeriicht zu Berlin iwwert

Nuklearen Transporter vu Greenpeace-Aktivisten a Frankräich beschmiert

Graffiti um Convoi fir radioaktiven Offall

Nuklearen Transporter vu Greenpeace-Aktivisten a Frankräich beschmiert

Am Nomëtteg vum 17. Juni 2019 hunn Aktiviste vu Greenpeace op der Héicht vu Les Mureaux an der Regioun Île-de-France e Convoi mat nuklearem Offall mat Graffiti beschmiert. Den Transport war ënnerwee fir an de Centre de stockage de l’Aube – en Endlager fir Atomoffall. Puer Deeg virdrun ass et eng ähnlech Aktioun bei engem Transporterzuch ginn.

Mat dëser Aktioun wollt een op dat onopfällegt Hin an Hir vum Atomknascht opmierksam maachen, esou de Yannick Rousselet vu Greenpeace Frankräich. 19.000 radioaktiv Convoien am Joer si laut der ASN, déi am Optrag vun der franséischer Regierung déi technesch Sécherheet vun Nuklearanlage kontrolléiert, op franséische Stroossen a Schinnen ënnerwee. Reegelméisseg befanne sech och Transporter vum Atomkraaftwierk Cattenom dorënner.

Greenpeace

© Jérémie Jung / Greenpeace

De Camion, deen ee mat neon-oranger Faarf beschmiert huet, koum aus der Usine de Retraitement de la Hague an hat radioaktiven Offall u Bord. D’Aktioun huet sech op der A13 net wäit vu Paräis ofgespillt. Déi Woch virdru goufe scho fënnef Behälter mat Uranylnitrat op engem Transporterzuch op der Gare zu Vierzon nei dekoréiert.

Onnéideg Risiken a komplett ënnert dem Radar

Greenpeace wollt heimat op d’Sënnlosegkeet vun esou Transporter an der nuklearer Weiderverwäertung hiweisen. Well wa vu “Weiderverwäertung” geschwat gëtt – woufir nuklear Stoffer iwwer Honnerte vu Kilometer an extra Anlage gefouert ginn – da misst ee wëssen, datt manner wéi ee Prozent dovunner als weiderverwendbare Brennstoff benotzt kënne ginn. Déi grouss Transportweeër, verbonne mat enger Rei onnéidege Risike wier eppes, dat der Bevëlkerung net wierklech opfale géif. Ma déi orange gesprayte Gefierer sollen dëst änneren.

Zwar fënnt a Frankräich grad eng gréisser Debatt iwwer d’Gestioun vum nuklearen Offall statt, ma Greenpeace Frankräich sicht d’Flucht no vir a wéilt léiwer haut wéi muer op aner Alternative setzen a fuerdert d’Politik zu engem méi séieren an decisiven Handelen op.

Opmaacherfoto: © Jérémie Jung / Greenpeace

Video: © Greenpeace

Related topics Aktivisten, Frankräich, Greenpeace, nuklearen Offall, radioaktiivt Material
Next post Previous post