Search

You may also like

Hong Kong: Mediemogul an Aktivist fir d‘Demokratie festgeholl
Neiegkeeten

Hong Kong: Mediemogul an Aktivist fir d‘Demokratie festgeholl

Siwe Männer am Alter tëscht 39 bis 72 Joer sinn

ACL: Dir braucht eng Vignette fir an d’Schwäiz oder Éisträich?
Neiegkeeten

ACL: Dir braucht eng Vignette fir an d’Schwäiz oder Éisträich?

Ab haut verkeeft de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) déi nei Vignetten

Editorial: Terrasse-Gastronomie ab 7. Abrëll
Neiegkeeten

Editorial: Terrasse-Gastronomie ab 7. Abrëll

Wann d‘Diva aus dem Staatsministère elo annoncéiert huet, datt sech

Null Offall Lëtzebuerg: Vum Pfandsystem, iwwert intelligent Bauen, hin zu verpakungsfräien Akeef

Qualitéit amplaz Quantitéit

Null Offall Lëtzebuerg: Vum Pfandsystem, iwwert intelligent Bauen, hin zu verpakungsfräien Akeef

Mat der Strategie „Null Offall Lëtzebuerg“ fokusséiert sech de Groussherzogtum op e méi responsabelen an nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen an dem Offall. Ganz am Sënn vun der Kreeslafwirtschaft soll de Wäert an d’Qualitéit vun de genotzten a konsuméierte Produiten méi déif an eiser aller Bewosstsinn réckelen. An dësem Kader huet gëschter d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung d’Schlësselelementer vun der Strategie „Null Offall Lëtzebuerg“ presentéiert.

Besonnesch d’Offallvermeidung steet heibäi am Virdergrond. Reutilisatioun amplaz den eemolege Gebrauch sinn onëmgänglech. Ma, dobäi geet et awer net duer, eleng dem Konsument an d’Gewëssen ze rieden. Iwwert déi ganz Produktiounsketten ewech muss et zum Echange, zur Zesummenaarbecht an zum Wandel kommen.

Null Offall

Eise Buedem, eis Bëscher an eis Gewässer besser schützen an notzen

Generell wëll ee mat Sensibiliséierungscampagnen, neien alternative Verpakungen an dem Verbuet vu verschidde Produiten dofir suergen, datt et net méi zum sougenannte Littering, also dem Ewechgeheie vun Offall an d’Natur, kënnt. Donieft geet bei dëser Achs dorëm, datt et net méi zur Liewensmëttelverschwendung kënnt. Déi rezent Analys vun der Ëmweltverwaltung huet bewisen, datt 70.800 Tonnen Liewensmëtteloffäll all Joer an der Gastronomie, dem Handel, der Grousskichen an am private Beräich entstinn. Vun 118 kg ewechgehaitem Iessen op de Kapp, sinn ëm 48 kg vermeidbar.

Ma, wichteg ass et och, datt Biooffäll an der entspriechender Poubelle, an net am Reschtoffall landen. Dëst organescht Material kënnen nämlech weiderverwäert ginn.

Eis Saache besser notzen

Qualitéit vun de Produiten soll iwwert der Quantitéit stoen. Dofir mussen all Acteuren sensibiliséiert ginn e Reparatur-Service unzebidden, sou datt en Objet weiderverwäert oder -verkaft ka ginn. Zousätzlech sollen d’Recyclingzentren zu Ressourcezentren (CRES) ginn, fir eisen Objeten en zweet Liewen ze schenken. Second Hand ass jo souwisou am Trend.

Null Offall© Jasmin Sessler / Unsplash

Sënnvoll Verpakungen

Net all Produit muss verpak ginn, a scho guer net e puer Mol. Entreprisen an Acteuren aus der Recherche, der Entwécklung an der Innovatioun sollen duerch d’Moossnamen op „Iwwerverpakung“ verzichten. Ma, och d’Entwécklung vu recycléierbare Verpakunge steet am Virdergrond.

Fir den alldeeglechen Akaf ass d’Fërderung vun der verpakungsfräier Distributioun – also lasse Liewensmëttel an de Client bréngt säin eegene Beidel mat – eng Prioritéit. E Pfandsystem am Handel, bei der Distributioun a bei Evenementer ass eng weider Moossnam.

Gebaier richteg op- an ofbauen

D’Recuperatioun vu Materialien ass eng vun de Moossnamen am Bausecteur. Ma, de Produzent soll méi Responsabilitéit an der Konstruktioun droen an och de modulare Bau virgesinn. Scho bei der Ausschaffung vum Konzept muss d’Topografie vum Terrain berécksiichtegt ginn, sou datt manner Buedem an Ënnergrond muss ausgehuewe ginn.

Donieft ass eng laang Liewensdauer vun de Gebaier e wichtege Punkt. Et muss esou gebaut ginn, datt d’Raimlechkeeten duerch eng virauskuckend a modular Bauweis, un en anere Besoin kënnen ugepasst, respektiv einfach ëmgebaut kënneginn a Materialien ëmmer erëm recuperéiert ginn.

Ma, heivir ass et essentiell scho bei der Logistik a beim Stock vu Material en Ëmdenken z’erreechen, beispillsweis duerch digital Plattformen zur Redistributioun oder duerch Subside bei Projeten, déi verschidde Komponenten e puer Mol notzen.

Null Offall
  • Déi komplett Detailer zur Strategie „Null Offall Lëtzebuerg“ fannt Dir HEI.
  • Weider Informatiounen zum Kontext an der Strategie a Kuerform fannt Dir op der emwelt.lu.

Opmaacherbild: © Laura Mitulla / Unsplash

Related topics Bausecteur, Liewensmëttelverschwendung, Null Offall Lëtzebuerg, Offallvermeidung, Qualitéit, Reparatur, Strategie, verpakungsfräi
Next post Previous post