Search

You may also like

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg

Mat engem Schreiwes riicht sech d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, am

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: Zuel vun den Infektiounen hëlt weider zou

Nach ëmmer ginn d‘Nouvellen, bezunn op den neiaartege Coronavirus 2019-nCov,

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!
Kultur Neiegkeeten

Cargolux: Budapest gëtt elo duebel sou oft ugesteiert!

Déi wëchentlech Flicht vu Cargolux an déi ungaresch Haaptstad Budapest

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!

Piratepartei ënnerstëtzt den Artist „Turnup Tun“

Am Numm vun der Meenungsfräiheet!

De Rapper „Turnup Tun“, dee bekannt ass seng Wierder net dräimol op der Zong ëmzedréinen, ass dat, wat een am beschten als satiresche Räpp-Museker ëmschreiwe kann. Hie geet nawell net grad „politesch korrekt“ mat de Perséinlechkeeten aus dem „riets-populistesche“ Lager ëm, an huet och soss eng kreativ amusant Ëmgangssprooch, wann et ëm Beweegunge wéi Wee2050 oder och nach déi Konservativ geet. Esou héieren am Lidd „FCK LXB“, fir dat hien elo viru Geriicht muss.

Tatsächlech ass et esou, datt sech de Joe Thein a seng „déi Konservativ“ Band vum Lidd gekränkt bis ugegraff fillen. Elo kann ee vum Antoine Tonnar senger Fieder, Stëmm a Presentatioun hale wat ee wëllt, an et muss een net emol gutt fanne wat hien esou dreift. Hei stellt sech net d‘Fro ob et kënschtleresch wäertvoll ass, dat läit jo bekanntlech am A vum Betruechter, oder wéi hei: an den Ouere vum Nolauschterer. De Genre „Rapp“ als satiresche Medium ze notzen, dat ass awer Cool.

Wéi och ëmmer… den Artist huet eng „Jam Session“ mat Riichter an Affekot, an dëse juristesche Concert gëtt vun der Piratepartei heftegst kritiséiert. Si erënneren un déi sakrosankt kënschtleresch Fräiheet, a méi nach fuerderen datt hei d‘Meenungsfräiheet respektéiert gëtt. Béides wiere fundamental Wäerter vun eiser Gesellschaft déi een net mat Féiss trëppelen dierf. Et sollt een dem Artist seng „kënschtleresch Ausso“ villméi an de Kontext vun der „Debat-Kultur“ stellen.

Elo léisst sech iwwert de Motto. „an der Konscht an am Bett ass alles erlaabt“ streiden, an och dëse sollt een net op eng Goldwo leeën. Wat awer am Fall vum „Turnup Tun“ kéint zum Prezedenzfall avancéieren, ass datt wann d‘Populisten a soss äerdeg Gestalten aus dem riets-konservative Lager hei géife Recht kréien, d‘Journalisten och „anescht“ ze kommentéieren hätten. Eng Zensur vun der artistescher Fräiheet, ass net nëmmen och eng Zensur vun de Medien, dat ass de Krich erkläert.

Foto: (hu mir beim Turnup Tun am FB geklaut, net rose sinn w.e.g.)

Related topics déi Konservativ, Piratepartei, Rapp, Turnup Tun, Wee 2050
Next post Previous post