Search

You may also like

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
Neiegkeeten

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 4. bis den 11. Juli
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 4. bis den 11. Juli

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern
Neiegkeeten

CFL: Aweiung vun der Streck Lëtzebuerg – Sandweiler-Contern

Gëschter huet de Grupp CFL déi nei Streck Lëtzebuerg-Sandweiler-Contern zesumme

Ding, Dong, den Nutri-Score ass do

Ding, Dong, den Nutri-Score ass do

Laang gouf iwwert den Informatiounssystem op Liewensmëttel diskutéiert. Mam groussherzogleche Reglement vum 7. Mee 2021, dat leschten Dënschdeg verëffentlecht ginn ass, kréie Lëtzebuergesch Entreprisen elo d’Méiglechkeet den Nutri-Score-Logo op hire Produiten ze placéieren. Dës ass nach ëmmer eng fakultativ Kennzeechnung, mee kritt een ee Mol de Logo fir eng Mark zougewisen, muss dësen op all Produit vun der spezifescher Mark ze fanne sinn.

Einfach verständlech fir de Client sollen d’Faarwen an d’Buschtawen um Logo iwwert d’Nierwäerter vun de concernéierte Liewensmëttel informéieren. Ma, dat beaflosst eventuell de Choix beim Akaf – et gräift een eventuell éischter zum Gebees mat manner Zocker, zur Zooss mat manner Fett oder och zur Pizza mam hellgrénge B drop amplaz déi mam orangen D.

Ma, trotz dem fakultative Charakter kann den Nutri-Score Entreprisen encouragéieren seng Offer méi gesond ze gestalten an esou säi Verkaf ze steigeren. Wat bei eise franséischen, däitschen a belschen Nopere schonn Usus ass, huet de Ministère vum Konsumenteschutz mam groussherzogleche Reglement elo och fir Lëtzebuerg offiziell méiglech gemaach.

Entreprisen déi elo d’Verlaange verspieren, hir Produite mam Logo ze dekoréieren, dierfen hir Ufro via nutri-score@alim.etat.lu maachen. Fir de ganze System ze verstoen, gouf ugekënnegt eng Informatiounscampagne fir d’Konsumenten ze lancéieren.

Related topics groussherzoglecht Reglement vum 7. Mee 2021, Informatiounssystem, Kennzeechnung, Liewensmëttel, Nierwäerter, Nutriscore, Produiten
Next post Previous post