Search

You may also like

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber
Neiegkeeten

50 Joer Mouvement Ecologique: Zum Gebuertsdag en Timber

50 Joer, datt ass e laangen Dag. Datt een esou

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen
Neiegkeeten

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

D‘natur&ëmwelt Asbl huet e Berodernetzwierk gegrënnt, dat mam Zil eng

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog
Neiegkeeten

De spuenesche Kinnek schléit sech op d’Säit vu Madrid – Bréissel drängt op Dialog

Um Dënschdegowend huet de Kinnek vu Spuenien sech op d’Säit

Den Nutriscore zu Lëtzebuerg

Den Nutriscore zu Lëtzebuerg

Déi zoustänneg Autoritéiten aus der Belsch, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland an der Schwäiz hunn eng Ukënnegung gemaach. Et gëtt ëm eng transnational Koordinéierung fir d’Benotze vun den Nutriscore Etiquetten op der Verpackung ze vereinfachen.

De 25. Januar 2021 hat de Comité seng éischt Versammlung. E bréngt Vertrieder vun den nationalen Autoritéiten zesummen, déi fir d’Ëmsetzung vum Nutriscore zoustänneg sinn. D’Zil ass et, den Hiersteller am Liewensmëttelberäich ze entlaaschten sou wéi klenge Betriber ze hëllefen. Duerch effizient Prozedure ginn esou d’Konsumente matenee verbonnen.

An enger wëssenschaftlecher Versammlung den 12. Februar 2021, gouf sech en éischten Iwwerbléck verschaaft. Elo heescht et, méiglech Entwécklunge vum Nutriscore fir eng besser Effizienz fir d’Gesondheet vun de Konsumenten ze bewäerten. Ernierungsempfeelunge spillen eng grouss Roll dobäi.

Wat ass den Nutriscore?

Den Nutriscore ass en Etiquettesystem, deen op der viischter Säit vun enger Verpackung ze fannen ass. En informéiert iwwert den Nierwäert vum Iessen an Drénken. Esou wëll een de Verbraucher zu méi gesonde Produkter féieren, sou wéi och d’Hiersteller selwer encouragéieren, d’Qualitéit vun der Liewensmëttelversuergung ze verbesseren. Dëse System gouf duerch zuelräich Studie validéiert.

Ernierungsmarkéierungssystemer fir verschidden Nierstoffer ginn dacks vun de Konsumente schlecht verstanen, dofir soll den Nutriscore eng Hëllefsstellung bidden, fir den Ernierungswäert vun de Liewensmëttel ze vergläichen an si dobäi ze encouragéieren op méi gesond Produkter zeréck ze gräifen.

D’Ëmsetzung vun dësem transnationalen Ofkommen tëscht den europäesche Länner (an der Schwäiz), erlaabt eng koordinéiert, effizient an operationell Gestioun vum Nutriscore.

D’Lëtzebuerger Konsumenten si schonn zënter enger Zäit mat dësem System bekannt, den Nutriscore Logo ass well op verschiddene Liewensmëttel ze fannen.

Et gouf ee groussherzoglecht Reglement iwwert de Gebrauch vu dësem Logo ausgeschafft. Mat der Zäit däerfen dann och national Liewensmëttelhiersteller e benotzen. Deemnächst gëtt och eng Informatiounscampagne gestart, fir de Konsumenten d’Stäerkten an d‘Virdeeler vum Nutri-Score méi no ze bréngen.

Weider Informatioune fannt Dir hannert dësem Link

Illustratioun: © Celine Richonnet

Related topics Ernierung, Gesondheet, Konsumenteschutz, Liewensmëttel, Nutriscore
Next post Previous post