Search

You may also like

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt
Neiegkeeten

Den Déif hat der zolidd an d‘Sabbel kritt

Am Mee 2012 haten si eng Bijouterie zu Schëffleng iwwerfall,

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs
Neiegkeeten

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech

Italien reforméiert d‘Justiz
Neiegkeeten

Italien reforméiert d‘Justiz

Bis ewell konnte juristesch Prozeduren Éiwegkeeten dauere bis se ofgeschloss

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics

Kapitalismus a senger eeklegster Form

Personalofbau an onmoralesch Offeren bei NV-Getronics

Um 3. Juli 2020 huet d’Direktioun vun NV Getronics matgedeelt, datt et duerch finanziell Schwieregkeeten zu enger interner Ëmstrukturéierung géif kommen. D’Firma, mat Sëtz an der Belsch, zielt an der Filial zu Lëtzebuerg 70 Salariéen. Elo sinn d’Aarbechtsplazen vun 126 belschen Mataarbechter an 10 Lëtzebuerger ass bedreet. Den OGBL fuerdert e Plang zur Aarbechtsplazerhalung.

Zënter der Arrivée vum Aktionär an CEO Nana Baffour am Joer 2017 huet de Grupp mat ekonomesche Problemer ze kämpfen. Iwwert zwee Joer hunn eng schlecht Gestioun a schlecht Investissementer dozou gefouert, datt d’Entreprise an d’Laberente komm ass. D’Konsequenz ware Problemer beim Cashflow.

Mam neien südafrikaneschen Investisseur GSH Privat Capital Limited sollt fir neien Opschwong gesuergt ginn. All Entitéite vu Getronics goufe vum Investisseur iwwerholl, bis op d’Filialen aus der Belsch a Lëtzebuerg (NV Gestronics). Aktuell steet ee kuerz virun der Faillite – 6 Milliounen Euro mussen opbruecht ginn.

Fir Suen ze spueren, soll elo Personal ofgebaut ginn. D’Kiischt um Kuch ass laut dem OGBL awer, datt d’Mataarbechter selwer kënnege sollen. Eng direkt Entloossung vun der Entreprise géif ze deier bei den Entschiedegungskäschte vum Depart ginn. Wien op eege Fauscht d’Firma verléisst, gëtt mat engem finanzielle Päckelchen an Héicht vu 50 % vun den eigentlechen Indemnitéiten, déi duerch d’Kënnegung säitens NV-Getronics gebuede misste ginn, „belount“.

De Salariéen déi bleiwen dreet d’Reduktioun vun der Paie ëm 5 bis 15 %. Spillen d’Mataarbechter net mat, esou wäert d’Direktioun d’Entitéit vu BELUX als Faillitte erklären.

Bei dësen onmoralesche Propositioune kann den OGBL nëmme mam Kapp rëselen. D’Gewerkschaft an d’Personaldelegatioun hunn ugefrot, en Plang zur Aarbechtsplazerhalung (PME) auszehandelen, amplaz d’Salariéen zu enger Kënnegung ze dränge, wouduerch si hiert Recht op Chômage verléiere géifen.

Nach ass d’Dier vun der Direktioun net zou an den OGBL setzt sech dofir an, ëmmer erëm op seng Fuerderung opmierksam ze maachen. D’Salariée selwer si weiderhi bereet sech ze organiséieren an ze mobiliséieren, an der gewinnter Aarbecht mat Äifer nozegoen.

Opmaacherbild © Iva Rajovic

Related topics Chômage, Kënnegung, NV-Getronics, OGBL, Onmoralesch Offeren, Paie, Personal, Personalofbau, Salaire
Next post Previous post