Search

You may also like

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen
International Neiegkeeten

Pedophilie: Kardinol fuerdert datt Fraen sech un der Formatioun zum Paschtouer bedeelegen

„Frae mussen sech méi un der Formatioun vun de Paschtéier

money
Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai
International Neiegkeeten

Erfollegräich Wirtschafts- a Staatsvisite zu Dubai

Dräi Deeg Zäit an helle Wull un Entrevuen hunn der

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst
International Neiegkeeten

7 Saachen, déi s du nach net iwwert Fast Food wousst

Haut ass de Fast Food Day. Op mannst an den

Berg-Karabach: Ob der sich no der Grenz

Berg-Karabach: Ob der sich no der Grenz

Armenien an Aserbaidschan schéngen sech am Konflikt ëm d‘Regioun Berg-Karabach eens ze sinn, datt et eng Grenz brauch. Mat gemeinsame Kommissioune soll de komplexe Prozess zur Opstellung vun enger Demarkatiounslinn opgeholl ginn. Viru 14 Deeg hat Russland eng Wafferou tëscht béide Krichsparteien erzwongen. D‘Autonomie vun der Republik Karabach schéngt elo a Fro gestallt.

Den Accord deen de Waffestëllstand „reegelt“ gesäit vir, datt vun Armenien kontrolléiert Gebidder un Aserbaidschan sollen iwwergi ginn. Laut dem Kremlspriecher Dmitri Peskow, steet de Vladimir Putin am „stännegen Dialog“ mat senge „Kollegen“. Den armenesche Ministerpresident Nikol Paschinjan hat och op Facebook op telefonesch Gespréicher mam russesche President higewisen.

Fir den Ament gëtt dës Wafferou vu ronn 2.000 russesche Friddenszaldoten iwwerwaacht. Moskau huet zudeem humanitär Hëllef an d‘Regioun geschéckt. Bei de bewaffenten Ausenanersetzungen tëscht dem 27. September an dem 9. November sinn honnerten Zivilisten ëmkomm an dausende Mënschen an d‘Flucht gedriwwe ginn. Offiziell sinn 1.700 armenesch Zaldote gestuerwen.

Verloschter muss et wuel och an de Reie vun der aserbaidschanescher Arméi ginn hunn. Offiziell awer weigert sech Baku, ënner Beruffung op d‘Krichsrecht, Zuelen zu de méigleche Verloschter unzeginn. Ob een zu dëse Verloschter och d‘Perten an de Reie vun den „tierkesche“ Milize sollt dozourechnen? Eigentlech schonn, woubäi offiziell huet et se net ginn…

mat indymedia/mow

Illustratioun: Dausende Mënscheliewe goufen ausgeläscht, well et der Weltgemeinschaft an zwee Joerzéngten net gelongen ass, d‘Autonomie vun der Republik Karabach unzëerkennen. © Ante Samarizija / unsplash

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Russland, Tierkei, Wafferou
Next post Previous post