Search

You may also like

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister
Kultur Neiegkeeten

De Jean Asselborn hat e Gespréich mam indoneseschen Ausseminister

De lëtzebuergeschen Aussen- an Europaminister Jean Asselborn hat gëschter de

dislike
Den Donald Trump ass de Klimakiller
Kultur Neiegkeeten

Den Donald Trump ass de Klimakiller

Och wann hien d’Spannung héich gehalen hat, spéitstens nom Bréisseler

Bamplanzaktioun mat der Bëschspillschoul – Wa Kanner mat Beem wuessen
Kultur Neiegkeeten

Bamplanzaktioun mat der Bëschspillschoul – Wa Kanner mat Beem wuessen

Um leschten Donneschdeg vum Februar sinn Ëmwelt a Bildung vereent

De Geschmaach vu muer: D’Maison Oberweis presentéiert seng nei Gamme KOA’O

Säit gëschter kann ee sech an de Filiale vun der Maison Oberweis vun der neier Gamme KOA’O begeeschtere loossen. De Jeff Oberweis a seng Patissiere beweisen domat eng besonnesch Experimentéierfreedegkeet, Leidenschaft a Loscht op Kreatioune mat neien Aromen an Texturen. Dobäi gëtt ee ganz besonnesch Ingredient benotzt, dee mir wuel nach ni virdrun hunn dierfe schmaachen.

Ufank Januar 2020 huet de Jeff Oberweis, Chef vun der wuel renomméiertster Patisserie vu Lëtzebuerg, den Anian Schreiber kennegeléiert. De Matbegrënner vun der Start-Up KOA huet sech der Kakaofruucht verschriwwen, konzentréiert sech dobäi allerdéngs net op d’Bounen (déi eigentlech de Som sinn), mee op dat wäisst Fruuchtfleesch ronderëm.

Dëst Fruuchtfleesch mécht ëm 25% vun der Fruucht aus an ass bis ewell éischter ewech gehäit, wéi weider verschafft ginn. Mat engem vëlleg innovative Prozess stellt d’Ekipp vu KOA dorausser en exotesche Jus hir, deen duerch säi Goût mat kengem anere Produit ze vergläichen ass. Et ass engem bal e Rätsel, wisou virdrun nach keen op d’Iddi komm ass, mat dësem perfekten Equiliber tëscht mëll a sauer, an enger klenger batterer Nout ze schaffen.

KOA'O

Ma, d’Konzept huet awer nach ee weidere wichtegen Aspekt ze bidden: D’Kreatioun vun Aarbechtsplazen an eng fair Bezuelung vun de Baueren. Duerch d’Verwäertung vum Fruuchtfleesch kënnt en zousätzleche Produit bäi, duerch deen d’Akommes vu bis ewell iwwer 1.600 Kakaobaueren ëm 30% gesteigert konnt ginn.

Iwwert e QR-Code um jeeweilegen Endprodukt hu mir schliisslech d’Méiglechkeet en Abléck ze kréien, wou produzéiert gouf, a wien a wéi enger Aart dovu profitéiert. Do kritt den exoteschen Nektar direkt een nach bessere Goût!



KOA’O – nei Kakaokreatioune, déi glécklech maachen

Ee gutt Joer hunn de Jeff Oberweis a seng Patissieren dorunner geschafft de spezielle Geschmaach vu KOA an neie Kreatiounen ze verschaffen. D’Resultat dovunner ass eng Rei u séisse Konschtwierker, wouvunner déi meescht vegan sinn.

Ma, et war schonn e bëssen droleg och d’Degustatioun iwwert de virtuelle Wee ze organiséieren. Wärend d’Ekipp vum Oberweis Erklärungen zu den eenzele Produite ginn huet, duerfte mir als Spectateuren virum Ecran schmaachen. Mat dobäi waren d’KOA’O Macaronen (Vegan), déi duerch hir liicht Mandelcremefëllung mat Koa iwwerzeegen. Si hunn e Kär aus Ganache a fruuchtegem Schockela, sou wéi engem Soupçon Koa-Karamell.

KOA'O
© Oberweis

Weider goung et mam Croc Choch (vegan), deen op den éischte Bléck un eng traditionell Mëtsch erënnert. D’Kombinatioun aus Schockela, Hieselnoss-Praliné a Koa-Karamell hunn do awer de perfekte Wee vun „net-ze-séiss“ an „ech-wëll-méi“ ageschloen.

D’KAO Trüffelen (vegan) sinn eng Häerzenskreatioun vum Jeff Oberweis. Seng ganz Léift zum séisse Gold huet hien agesat, fir dëse Produit ervir ze bréngen.

Och fir d’Veréierer vu Kuch gëtt eppes gebueden: De KA’O Cake (vegan). Dësen iwwerzeegt duerch säi liicht fruuchtege Goût an déi ganz dënn Schicht Schockela. Wéi d’Patissieren erkläert hunn, sollt een dës Spezialitéit gutt temperéiert iessen, fir dass sech d’Textur an d’Arome richteg entfale kënnen.

KOA'O
© Oberweis

Sidd Dir éischter e Fan vu Moussen, da rode mir zum Saveur KOA’O (net vegan). Am Summer kann eng Bull vum KOA’O Sorbet (vegan) bestëmmt fir e Gefill vu Vakanz suergen – oder géift Dir do léiwer d’KOA’O Tarte Glacée (net vegan) schmaachen?

Mir sinn op alle Fall iwwerzeegt – souwuel vun de Kreatioune vun der Maison Oberweis, wéi och vum super Konzept vu KOA!

Uewe fannt Dir eng Billergalerie vun alle Produiten aus der neier Gamme KOA’O © Oberweis

Related topics Anian Schreiber, Fruuchtfleesch, Ghana, Jeff Oberweis, Jus, Kakaofruucht, KOA, KOA'O, Maison Oberweis, nei Gamme, Vegan
Next post Previous post