Search

You may also like

Karate Club Déifferdeng – Haart Schléi, soziale Kär
Neiegkeeten

Karate Club Déifferdeng – Haart Schléi, soziale Kär

Leidenschaft féiert zu Qualitéit a Motivatioun. No dësem Leetfuedem agéiert

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand
Neiegkeeten

Interview mam Blake Crouch – Literatur ass en anere Verstand

De Blake Crouch ass en internationale Bestsellerauteur. 1978 an North

En traurege Rekord: Weltwäit sinn 80 Millioune Mënschen op der Flucht
Neiegkeeten

En traurege Rekord: Weltwäit sinn 80 Millioune Mënschen op der Flucht

De Bericht vun der UNHCR war schonn dat lescht Joer

Den neien Observatoire fir d’Gläichheet

Den neien Observatoire fir d’Gläichheet

D’Gläichheetsministesch Taina Bofferding huet bei der Presentatioun vum neien Observatoire fir d’ Gläichheet ervirgehuewen, dass ee gezillt Moossnamen entwéckelen a scho bestoen Aktioune stäerke muss, fir esou géint den Desequiliber, d’Gewalt a sexistesch Stereotyppen um Aarbechtsmaart ukämpfen ze kënnen. Den Outil setzt dobäi eng Mesure vum nationalen Aktiounsplang zur Geschlechtergläichheet ëm.

„D’Gläichheet vun de Rechter ze garantéieren bedeit och d’Realitéit um Terrain ze kennen an d’Diskrepanzen ze identifizéieren. Den neien Observatoire ass ee wichtegen Outil fir eng méi gläichgestallten an inklusiv Gesellschaft ze etabléieren“, sou d’Ministesch Taina Bofferding.

Dräi Funktioune soll dofir mam Observatoire erfëllt ginn: Objektiv Donnée sammelen fir esou politesch Strategien opzestellen, d’Aarbecht um Terrain ënnerstëtzen an d’Situatioun duerch reegelméisseg Analysen verfollegen a bewäerten.

Schonn am Dezember 2019 huet de MEGA sech, a Kooperatioun mat der Societéit GOPA, um Gender Equality Index vum europäeschen Institut fir Geschlechtergläichheet inspiréiert an ugefaangen dësen Outil ze entwéckelen. Berécksiichtegt ginn hei d’haislech Gewalt, d’Aarbecht, d’Entscheedungen, den Equiliber tëscht professionellem a privatem Liewe, d’Bildung, den Akommes an d’Gesondheet, fir uschléissend eng Datebank ze erstellen, déi och der Ëffentlechkeet zougänglech ass.

Opmaacherbild: D’Ministesch Taina Bofferding © MEGA

Related topics Aarbecht, Akommes, Bildung, Datebank, Gender Equality Index, Gesondheet, haislech Gewalt, MEGA, Observatoire vun der Gläichheet, Outil fir d'Gläichheet, Privatliewen, Stereotyppen, Taina Bofferding
Next post Previous post