Search

You may also like

Kritik vun de Piraten zur Evolutioun an Ungarn
Neiegkeeten

Kritik vun de Piraten zur Evolutioun an Ungarn

D’Pirate gesinn déi aktuell Entwécklungen an Ungarn kritesch. Mir fuerderen

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!
Neiegkeeten

OGBL/FriSol: Opruff zum Ouschtermarsch fir de Fridden!

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform (FriSol) an den Onofhängege Gewerkschaftsbond vu Lëtzebuerg

AHA Lëtzebuerg ënnerstëtzt #FreeMubarakBala-Protestwoch
Neiegkeeten

AHA Lëtzebuerg ënnerstëtzt #FreeMubarakBala-Protestwoch

De Mubarak Bala, de President vun der Humanistescher Vereenegung vun

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen

Och am CHEM huet et sténkeg Lompen

Datt et am Kontext vun der Covid19-Pandemie a kengem Spidol „normal“ leeft, dofir sollt ee scho Versteesdemech hunn, et ginn dann awer ëmmer nees Virfäll, déi et engem kal de Réck eroflafe loossen. Esou huet sech elo eng Persoun deraart zolidd iwwert de schlechten Ëmgang mat engem Familljenugehéierege beschwéiert, datt d‘Direktioun versprach huet der Saach nozegoen.

Esou wéi et eis an der Direktioun vum CHEM zougedroe gouf, ass eng Damm zu Nidderkuer virun eppes iwwer zwee Méint mam Réck operéiert ginn. E puer Deeg no der Operatioun gouf si positiv op de Covid19 getest, an aus dësem Grond op d‘Covid19-Statioun an de CHEM zu Esch-Uelzecht verluecht. Déi frësch operéiert Patientin, déi natierlech kee Besuch huet dierfen empfänken, wier dem „Service“ vëlleg ausgeliwwert gewiescht. Et wier widderholl zu „Problemer“ komm…

Nodeems een d‘Patientin gutt kujenéiert hat, ass si nees zréck op Uewerkuer verluecht ginn, wou ee sech anscheinend extreemst Méi schéngt ginn ze hunn, der Fra verständlech ze maachen, dat Spidol keng Vakanz ass an een wuel gutt beroden ass, net matten an enger Pandemie do opzeschloen. De ganze Bericht, vun deem wat der Fra an der Obhut vum CHEM zougestouss ass, mécht Angscht.

Datt och eis Spideeler, zu Déngschtleeschtungszentre verkomm sinn, et vir an hannen u gudde Leit feelt, an d‘Verwaltungsréit ëmmer nëmme „schéi Wierder“ priedegen, muss engem ze denke ginn. Et war net einfach an de genannten Haiser en Uspriechpartner ze fannen, mee d‘Faiten, esou wéi sech Uewerkuer sollen zougedroen hunn, goufen eis bestätegt. Zu Esch wollt kee mat eis iwwert de gemaachte Virworf schwätzen, mee et konnt een däitlech feststellen, datt Drock gemaach gouf…

Illustratioun: © Frederic Köberl / unsplash

Related topics CHEM Esch-Uelzecht, CHEM Uewerkuer, Covid19-Pandemie, Gesondheetswiesen, Skandal
Next post Previous post