Search

You may also like

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet
Business Neiegkeeten

Feier iwwer Kalifornien: Fënnef Doudeger, Malibu bedreet

Vun de Flamen an hire Gefier gefaangen: op mannst fënnef

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen
Business Neiegkeeten

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen

Wärend dem Joer 2019 huet d’Populatioun vu Lëtzebuerg ëm ganzer

Saudiarabien: Doudesstrof fir eng Mënscherechtsaktivistin
Business Neiegkeeten

Saudiarabien: Doudesstrof fir eng Mënscherechtsaktivistin

De Procureur vu Saudiarabien huet fir 5 Mënscherechtsaktivisten d‘Doudesstrof gefuerdert.

Och de „Spaass“ gëtt méi deier

Och de „Spaass“ gëtt méi deier

De leschte Samschdeg ass dat klengt Volleksfest „Fun um Glacis“ feierlech erëffent ginn, a wéi een iwwert déi lescht Deeg feststelle konnt, huet de liicht sabbelege Summer keen dovunner ofgehalen sech et gutt ergoen ze erloossen. No engem Pandemiejoer mat (ze) villen Entbierungen, eng absolut begréissenswäert Geschicht. Et huet awer leider och ee „jo mee…“

Wéi et sech schéngt ze gehéieren, gëtt sech an de sozialen Netzwierker eppes iwwert déi bei „Fun um Glacis“ ugewannte Präispolitik geiergert ze ginn. Dat ass net nei, generell ass jo bekanntlech alles ze deier, woubäi den Toun dann awer dës Kéier eppes méi „kräfteg“ ass. A jo et kann een elo der Usiicht sinn, datt eng Ronn Aachterbunn fir 10 Euro, schonn eppes de Spaassfaktor bëeenkt.

Richteg ass wuel och, datt den Tinnef deen d‘Krapperten sech beim Fëschen „erspillen“ net déi fënnef Euro wäert ass, déi d‘Aktioun – also de Spaass – kascht huet. Änlech gëtt bei de Präisser beim Gang duerch de Gastronomieberäich Argumentéiert. Am direkte Verglach mat 2019 (eng aner Referenz huet et net) muss een unerkennen, datt et eng Präisdeierecht huet. Dat heescht Inflatioun.

Et ass jo net, just well d‘Schausteller iwwer 18 Méint net konnte schaffen, datt alles méi bëlleg gi wier. Hir Käschten si weidergelaf an egal op déi inlännesch oder auslännesch Schausteller vum Staat gehollef kruten oder net, si hunn all drop geluecht. Dat eleng wier schonn Ursaach genuch, d‘Präisser eppes „unzepassen“. Dat ass et awer net wierklech, wat d‘Präisser klamme léist…

De Maart reegelt d‘Präisser

Och fir d‘Foraine sinn d‘Ausgabe geklommen: Bensin/Mazout, Elektresch, Standgeld an och de Loun… alles ass méi deier ginn. D‘Instandhaltungskäschte variéiere wuel jee no Gréisst vum Fuergeschäft, mee ënnerhale mussen si alleguerten hiert Geschir. An dat ganz besonnesch dann, wann de Buttek steet. Jo hir Saache gi futti wann se net genotzt ginn, klengt verréckt ass awer esou.

Änlech ass et fir d‘Gastronomie an d‘Bude mat séisse Verbueter. Hir Präisser, passen sech deem un wat de Maart hiergëtt, wann net esouguer bestëmmt. Zocker, Mandelen an Nëss, de Schockela an de Nougat… alles ass méi deier ginn. Dat ass net flott, firwat een eigentlech ëmmer sollt ee Budget am Viraus festleeën, och wann et kéint zu liichtem Grant féieren. Et muss een och net all Dag dohinner.

Eng Kiermes huet jo emol grondsätzlech de Zweck eis Freed ze maachen, de Gedanken a Suergen eng Paus ze vergënnen. Mat fofzeg Euro op de Kapp jiddefalls, kann ee gutt baffen an de Patt genéissen, an do misst och nach genuch iwwreg sinn, fir ee puer Spiller ze besichen. Leider huet et dëst Joer kee „Familljendag“ mat reduzéierten Tariffer, mee et huet esou Villes net dëst Joer.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Forainen, Fouerplaz, Fun um Glacis, Kiermes, Schausteller, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post