Search

You may also like

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt
International Neiegkeeten

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e

Ëmstriddent Sécherheetsgesetz zeréckgezunn
International Neiegkeeten

Ëmstriddent Sécherheetsgesetz zeréckgezunn

Franséisch Regierung zitt en ëmstriddent Gesetz zréck, dat d‘Filmen/Fotograféiere vu

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik
International Neiegkeeten

Neikaledonien wiert sech géint de Plastik

Neikaledonien huet entscheet, bis 2020 progressiv all Plastik fir den

48,8°C ass och fir Sizilien eppes waarm

48,8°C ass och fir Sizilien eppes waarm

Datt een sech als Tourist den Ament am Mëttelmierraum wuel éischter eppes virkënnt, wéi wann deen d‘Wurscht um Grill wier, dann huet dat net nëmme mat de vill Bësch- a Buschbränn ze dinn, et kann zuweilen och eppes mam Klimawandel zesummenhänken.

Op der italienescher Mëttelmierinsel goufen 48,8°C am Schied gemiess, also eng Temperatur déi dem gewéinleche Mëtteleuropäer dierft gänzlech friem sinn. Wien iwwer ee gutt Allgemengwësse verfüügt, ka wuel drop verweisen, datt een esou eng Hëtzt jo éischter am amerikaneschen Death Valley erwaarde géif. Mee wa schonn déi kanadesch Provënz Brittesch Kolumbien verbrennt…

Vum italienesche Wiederdéngscht heescht et allerdéngs, datt déi zu Syrakus gemiess Temperatur nach muss iwwerpréift ginn. Stëmmen déi genannte Wäerter, da wier et een neien europäesche Rekord (zur Erënnerung: a Kanada goufen 49,6°C bestätegt). Déi 48,8°C goufen dann och vum Servizio Informativo Agrometeorogica Siciliano (SIAS) notéiert. Sinn se da stëmmeg oder wat?

De SIAS huet vu sech aus matgedeelt, datt d‘Miessdate vun de Statiounen automatesch iwwerspillt ginn, a folgerichteg esou kenger Iwwerpréiwung ënnerleien. Déi wirtschaftlech interesséiert Wiederdéngschter an der Ren bei de 45°C déi zu Catania gemooss goufen. Schold un der Hëtzt ass den Héich „Luzifer“ (dat muss wuel ee witzeg fonnt hunn) deen elo a Richtung Norden ofzitt.

Feier a Waasser

Fir all déi vun de Feier bedreete Mënschen op Sizilien wéi Kalabrien sinn dat keng gutt Noriichten, an och an der Toskana soll et zolidd waarm ginn. An et ass jo gewosst, datt dës Wiederlag sech iwwert de ganzen europäesche Süden ausbreet. Ganz schlëmm ass et esou och a Griicheland, wou d‘Wieder um Mëttwoch nees verréckt gespillt huet. Zumindest gëtt sech elo Reen erwaart.

Mee och iwwer Nordafrika brennt Sonn. An Algerien, méi prezis am bëschräiche Kabylien, sinn eleng um Mëttwoch eng fofzeg Bränn ausgebrach. 69 Mënschen, dorënner 28 Zaldote wou d‘Pompjeeën ënnerstëtzen, sinn scho gestuerwen. An änlecht Bild huet et an Tunesien… An dann huet et weider extrem Wiederkonditiounen an der Tierkei.

D‘Tierken hunn zur Stonn zwee ënnerschiddlech Problemer: am Südweste brennt et zanter dem 28. Juli, an hei sinn dausende Béischten a landwirtschaftlech Fläche verbrannt. Dausende Mënschen hu missen hir Dierfer an Haiser verloossen. Am Norden hat et Staarkreen, Blëtzfluten an Äerdrëtsch. Bei eis wéist sech de Summer, lues awer sécher, nees… Mee Iwwerraschunge bleiwe méiglech.

mat indymedia/cat

Illustratioun: © Brian Wangenheim / unsplash

Related topics Bëschbränn, Griicheland, Italien, Mëttelmier, Nordafrika, Sizilien, Temperaturrekord, Tierkei
Next post Previous post