Search

You may also like

ASEAN: Ee Sommet fir d‘Junta
International Neiegkeeten

ASEAN: Ee Sommet fir d‘Junta

Um Sommet vun der ASEAN hunn d‘Staats- a Regierungscheffe vum

Allgemengwuel-Ekonomie elo och zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Allgemengwuel-Ekonomie elo och zu Lëtzebuerg

Den 3. Juni 2019 gouf op der Kockelscheier den neie

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang
International Neiegkeeten

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch

Och kleng Schrëtt soll ee luewen

Washington hieft déi géint den Internationale Geriichtshaff verhaange Sanktiounen op

Och kleng Schrëtt soll ee luewen

De charismateschste vun allen US-Presidenten hat wärend senger Regierungszäit Sanktiounen a Visabeschränkunge géint Mataarbechter vum Internationale Geriichtshaff (ICC) zu den Haag verhaangen. Den ICC dee vun den USA net unerkannt gëtt, hat et gewot „Aktioune“ vun US-Zaldoten ze ënnersichen.

Ee Freideg huet den US-Ausseminister Anthony Blinken matgedeelt, datt dëse „Virgank“ net appropriéiert war, firwat de Joe Biden decidéiert hätt dës Verfügung réckgängeg ze maachen. Domadder si déi géint d‘Chefuklägerin vum Geriicht, Fatou Bensouda, an de Chef de Service, Phakiso Mochochoko verhaange Strofmoossnamen opgehuewen. Och Visae soll et nees ginn…

An der Verfügung vum 45. US-President vum Juni 2020, war ënnert anerem virgesinn, datt d‘US-Regierung de Besëtz vun ICC-Mataarbechter „afréiere“ kann. Am September du goufen déi genannten ICC-Mataarbechter op d‘Sanktiounslëscht vun den USA gesat. De Mike Pompeo, Virgänger vum Anthony Blinken, hat den ICC eng „futtis a korrupt Institutioun“ genannt.

Et gëtt sech arrangéiert

De Virgank vun der leschter US-Regierung huet den Anthony Blinken als „disproportionéiert a wierkungslos“ bezeechent. Zwar wieren d‘USA och weiderhin net mat der Aart a Weis averstanen, wéi den ICC mat de Verbrieche vun US-Zaldoten am Afghanistan ëmsprangen. Generell géif de Grondsaz gëllen, datt US-Zaldoten am Asaz net fir hiert „Verhale“ kënne belaangt ginn.

Elo hunn awer déi géint den ICC verhaange Sanktiounen, besonnesch bei den traditionelle Partner, virrangeg awer wuel der Europäescher Unioun, éischter Mëssfalen ausgeléist. Den „Neien“ wëll awer nees den Zesummenhalt fërderen, a muss esou och eng ganz Rëtsch Decisioune réckgängeg maachen. Eng Unerkennung vum ICC ass an dësem Entscheedungsprozess net enthalen.

Mäerder an Uniform

Den ICC hat am Mäerz 2020 en Ermëttlungsverfare géint US-Zaldoten a Mataarbechter vum US-Auslandsgeheimdéngscht CIA lancéiert. Den ICC verfollegt: Krichsverbriechen, Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet a Vëlkermord. 123 Natioune sinn dëser Institutioun ugeschloss. D‘USA hunn de Grondlagevertrag (déi sougenannt Réimech Statuten) ëmmer strikt a kompromësslos refuséiert.

Eng fir regelméisseg Observateure vun de Prozesser vum ICC verständlech Haltung. Géifen d‘USA den ICC unerkennen, géif kee Joer vergoen, ouni dat Zaldoten, Geheimdéngschtler an Offizéier sech zu den Haag ze veräntwerten hätten. Grondsätzlech soll gëllen: Amerikaner dierfen all Mëttel asetzen déi zur Victoire leeden, an dofir net belaangt ginn. Net emol wann et Zäitverdréif ass…

mat indymedia/was

Illustratioun: Esou wéi et an den USA (nach) üblech ass, datt Polizisten net fir Verfeelungen an/oder Verbriechen an Ausübung vum Job sollen dierfe juristesch verfollegt ginn, soll et och fir d‘Zaldoten am Auslandsasaz gehandhaabt ginn. A well gewosst ass wien een an den Asaz schéckt, villes wat do geschitt erwënscht ass, kënnen d‘USA den ICC net unerkennen. © Israel Palacio / unsplash

Related topics Anthony Blinken, ICC, Internationale Geriichtshaff, Krichsverbriechen, US-Zaldoten, USA
Next post Previous post