Search

You may also like

Hey Popeye – Haut ass den Dag vum frësche Spinat!
International Money Neiegkeeten

Hey Popeye – Haut ass den Dag vum frësche Spinat!

Kuriéis, awer wouer: De 16. Juli ass den Dag vum

Helfenterbréck: Spärung op der A6 (02.-03-07-2021)
International Money Neiegkeeten

Helfenterbréck: Spärung op der A6 (02.-03-07-2021)

Vun e Freideg, den 2. Juli ab 19:00 Auer bis

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer
International Money Neiegkeeten

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer

Mat engem Darts-Festival huet déi Lëtzebuerger Darts Federatioun um Samschdeg

money

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi vun der OECD geplangten international Besteierung vu Konzerner eng honnert Joer All Praxis ad acta leet. Bis ewell war ee sech eens, datt grouss international Konzerner hir Steieren an deem Land bezuelen, wou si hir „Zentral“ hunn.

Dat soll sech änneren: zukünfteg sollen all d‘Länner an deene Konzerner hir Déngschtleeschtungen oder Wuere verkafen, och e Stéck vum Kuch, also vum erziilte Gewënn ofkréien. Dat ass natierlech eng gutt Nouvelle, besonnesch fir Länner mat vill „Konsumenten“ an/oder héije Steieren.

A bei deem wat si sech op der OECD virgeholl hunn, soll d‘Besteierung vun de Konzerner sech net op sougenannt Digitalkonzerner beschränken. Ënnert den neie Steierregime sollen och d‘Konzerner falen, déi iwwerduerchschnëttlech vill „Gewënn“ am Ausland maachen ouni do e Sëtz ze hunn.

Dat kéint och Lëtzebuerger Entreprisen treffen, wéi d‘SES oder Arcelor-Mittal, Entreprisen déi nëmmen e Brochdeel vun hirem „Ëmsaz“ am Land realiséieren. Déi komme bis ewell steierlech ganz – fir net ze soen iwwerdriwwe – gutt ewech. Do dierften d‘Pläng vun der OECD „stéieren“.

Ee Plang… zwou Sailen

An dat ass déi éischt Sail vun de Steierpläng déi se op der OECD ausgeschafft hunn: Besteierung net méi nëmmen do wou d‘Zentral ugesidelt ass, mee do wou den Ëmsaz gemaach gëtt. Fir vill Konzerner wéineg erfreelech, firwat déi elo hir Lobbyiste mussen an d‘Gefecht schécken.

Déi mussen sech dann och mat der „zweeter Sail“ vun de Steierpläng ploen. Mat dëser hunn se sech op der OECD geduecht, datt et fir Konzerner e e „globale Mindeststeiersaz“ muss ginn. Net falsch, wann e bedenkt datt d‘USA an Éisträich esou eppes längst „unilateral“ agefouert an ëmgesat hunn.

Wann e Konzern manner Steiere bezilt, da kann dat Land an deem de Konzern seng Zentral huet, d‘Differenz zum Mindeststeiersaz oprechnen. D‘Héicht vun dësem „Mindeststeiersaz“ ass wéi villes wat si sech op der OECD ausgeduecht hunn, zur Stonn nach net bekannt.

Et dierft awer sécher sinn, datt besonnesch grouss Länner (USA, Indien, China, Brasilien…) déi vun dësem neie Regime profitéieren dierften. Déi waren et schliisslech och, déi dëse Projet massiv virugedriwwen hunn. Schlecht ass et fir esou Länner wéi Irland, Lëtzebuerg an och d‘Schwäiz.

Emol gewënnt een… emol verléiert een

Woubäi déi och eng gewësse Schold trëfft. Si hunn masseg „Konzern-Bréifkëschten“ ugelackelt, dësen esou onmoosseg Steierkaddoe vir an hannen eragestach, dat ee scho behaapte kann, si hunn sech d‘Konzerner „akaf“. Woubäi ee bëssen eppes bleift awer nach an de Staatskeesen hänken.

Sollten sech déi vun der OECD ausgeschaffte Pläng duerchsetzen, kéinten eng Rei kleng Länner ënnert d‘Rieder kommen. Mee hei stellt sech dach awer virrangeg d‘Fro, wéi héich déi Steierausfäll um Enn sinn, wou jo ze bedenken ass, datt déi Länner kaum Steiere verlaangen.

Um Beispill vun Irland gëtt esou eppes flagrant: déi iresch Regierung huet wuel den „Uerder“ kritt gehat vun Apple 14 Milliarden US-Dollar u Steieren anzezéien – wougéint sech de Konzern brutal zur Wier gesat huet – mee déi wëll dat Geld op kee Fall „kasséieren“. D‘OECD läit also richteg?

Bis Enn 2020 soll de Plang ëmgesat ginn. D‘Finanzminister vun de G20-Länner gesinn sech Enn der Woch zu Washington, fir eng éischte Kéier iwwert dat Ganzt ze beroden. Et wäert dann hei och zu Koalitioune vun Unhänger a Géigner kommen. Fir déi „Kleng“ gëtt et egal wéi awer eppes enk.

mat indymedia/ber/par

Related topics Besteierung, G20, Konzerner, OECD
Next post Previous post