Search

You may also like

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht
Neiegkeeten

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht

Säit elo bal engem Joer, gouf wéinst der Covid19-Pandemie a

Mat de „Scheichen“ am Internet
Neiegkeeten

Mat de „Scheichen“ am Internet

Wann dem saudesche Kinnek seng Stëmmung net zum beschten ass,

Assistenz-Dokteren am Widderstand
Neiegkeeten

Assistenz-Dokteren am Widderstand

Matten an der sanitärer Kris sollt een sech et net

Oekofestival statt Oekofoire

Vum Kierchbierg an de Pafendall: no 29 Oekofoiren huet sech de Mouvement Ecologique an d’Intimitéit vum Beräich ronderëm den Oekozenter zréckgezunn. Zur Ouvertüre war, scho wéinst de Gemengewahlen, vill Prominenz aus der Politik ugereest.

An déi hunn sech bei der Ried vun der Presidentin Blanche Weber och deen en oder anere Virworf dierfen unhéieren. Et ass dann och haaptsächlech ëm d’Gestaltung vum Land gaangen. Well d’Gemengewahlen an d’Haus stinn, ass d’Fro vun der Gestaltung natierlech eng, déi primär op Gemengenniveau ze klären ass.

Hei wier et wou nohalteg Modeller entwéckelt a gelieft kéinte ginn, ënnersträicht d’Blanche Weber. Dat géif awer net ouni d’Bedeelegung vun de Bierger goen. Eng Feststellung déi dann och op nationalem Niveau zoutreffend ass.

Bedauert gëtt, datt Entscheedunge fir d’Zukunft an de Beräicher Wunnen oder Mobilitéit net mat der néideger Konsequenz getraff ginn. Während der Wahlcampagne géife wuel nees Versprieche gemaach, mee et wieren hei virun allem Absichtserklärungen. An esou zimlech all Partei huet sech an de Programm geschriwwen eppes géint déi dramatesch Situatioun vum Logement ze ënnerhuelen.

Froen a Fuerderungen

Et feelt awer u konkrete Virschléi. An hei huet d’Presidentin vum Mouvement Ecologique dann och eng Rei Froen opgeworf: Wéi gi mir an Zukunft mat de Proprietairë vun eidele Wunnengen an Haiser ëm? Wat ass mam broochleiende Bauland? Wëlle mir eng konsequent Landesplanung oder d’Rechter vu wéinegen eenzelen erhalen? Wéi wäit dierfe mir d’Wirtschaft beaflossen?

De bestännegen Ausbau vum Fluchhafen an de geplangte Bau vum Google-Datenzenter hannerfreet d’Ëmweltorganisatioun och kritesch. Ze begréisse wiere beschtefalls ee puer Akzenter, déi de Nohaltegkeetsministère gesat hätt. Waasserschutz an och den Tram sinn e gudden Ufank, mee d’Naturschutzgesetz misst endlech an der Chamber gestëmmt ginn.

D’Blanche Weber fuerdert dann och eng Verbesserung vum Biergerinformatiounsgesetz an e konsequenten Aktiounsplang bezüglech de Pestiziden. Al weider Fuerderung stinn de BIP vum Wuelfillen als Ausgläich zum Bruttosozialprodukt, mee néideg wier et och sech endlech zum „Congé associatif“ ze bekennen.

Wéineg konkretes

Den Infrastrukturminister François Bausch hat Äntwerte matbruecht, mee virun allem huet hien Diskussiounsronnen ugekënnegt. Déi solle Regional a National gefouert ginn. Se dierften dann och am Wahljoer 2018 eng gréisser Roll spillen. A véier regionalen an, an engem nationale Laboratoire sollen 200 Bierger an interesséiert ONG’en d’Zukunftsgestaltung vum Land diskutéieren.

Wat de Fluchhafen ugeet, soll méi restriktiv mat den Nuetsflich ëmgaange ginn. Wéi dat soll ausgesinn huet de Minister dann awer vergiess ze erklären. Interessant dogéint d’Ukënnegung vun enger grouss ugeluechter Käschten-Notzen Analys vun allen Transportmëttel.

Related topics Blanche Weber, Ëmwelt, François Bausch, Naturschutz, Oekofestival
Next post Previous post