Search

You may also like

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz
Neiegkeeten

Den Donald Trump denoncéiert eng politiséiert Justiz

E Mëttwoch huet den US-President Donald Trump d‘Existenz vun enger

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert
Neiegkeeten

Fir d’moslemesch Communautéit huet den Trump de Fridde sabotéiert

Um Mëttwoch hu moslemesch Leader d‘Welt opgeruff, Ostjerusalem als Haaptstad

money
De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens
Neiegkeeten

De Rechnungshaff an de Fonds du Logement sinn sech net eens

Beim Fonds du Logement ass laang villes schif gelaf: een

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt

Kontroll vum Offalltransport: 50 Verstéiss opgedeckt

Bei de verstäerkte Kontrollen um vergaangenen 20. a 26. November huet d’Ëmweltverwaltung, an Zesummenaarbecht mat der Verkéierspolice, ganzer 50 Verstéiss opgedeckt, bei deenen d’Camionen hir Wuer net richteg geséchert haten, d’Sozialvirschrëften net agehale gi sinn oder d’Pabeieren net vollstänneg, respektiv iwwerhaapt net existent waren.

Zil vun der Kontroll op der N31 zu Péiteng war et erauszefannen, ob sech d’Acteuren a Camionen a Liwwerween un déi national an international Legislatur zum Offalltransport halen. Vun de 50 Verstéiss sinn der 45 an enger Geldstrof resultéiert.

Bei dëser Aart vu Kontroll gëtt net nëmmen no den noutwennege Pabeieren a Geneemegunge gekuckt, och zur Identitéitspréiweung an der Kontroll vun der Beschafenheet vu den Offäll kann et kommen. Esou soll verhënnert ginn, datt illegal Offall transportéiert an ofgeluede gëtt.

Dës Weideren soll eng sécher an effizient Handhabung a Behandlung vu geféierlechen Offäll garantéiert an d’Offallbehandlungsprozesser optimiséiert ginn.

Related topics Camion, Ëmweltverwaltung, Geneemegung, illegalen Transport, Kontroll, Liwwerwon, Offalltransport, Pabeieren, Péiteng, Police
Next post Previous post